Search

You may also like

Facebook mécht grouss Botz
International Neiegkeeten

Facebook mécht grouss Botz

De Kont vum Roger Stone, ee Kumpel vum US-President, esou

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten
International Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

Scho säit méi wéi 400 Millioune Joer existéieren Insekten op

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt
International Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt

An eisem éischten Deel zum Escher Gemengerot vum 6. Juli,

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

De Kyaw Zwar Min ass den Ambassadeur vu Myanmar zu London, an en erkläerte Géigner vun der Junta… dat huet elo zu Divergenze gefouert

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

Ufank Abrëll huet d‘Arméi am Myanmar d‘Muecht u sech gerappt an déi gewielte Presidentin, de Staatspresident an, an der Folleg, och weider Volleksvertrieder, hei virzuchsweis vun der Nationaler Liga fir Demokratie (NLD) festgeholl. D‘Vollek wiert sech, an gëtt geziilt vun den Zaldoten op Uerder vun de Genereel erschoss.

De burmeseschen Ambassadeur zu London, Kyaw Zwar Min, deen dofir bekannt ass, kee Frënd vun eben dëse Genereel ze sinn, an dee ganz selbstverständlech de Putsch a sengem Land schaarf a wuel och mat eppes Nodrock denoncéiert huet, gouf a seng Heemecht zréckgeruff. Ganz esou däämlech wéi d‘Genereel sech de Mann musse virgestallt hunn, ass dësen elo net an hie ass also do bliwwen.

Ambassadeur

Wéi de Kyaw Zwar Min dann nees an d‘Ambassade wollt, huet hien – an wéi hätt et och anescht kënne sinn – vum Militärattaché matgedeelt kritt, datt hien aktuell net méi de Vertrieder vun der Regierung am Myanmar ass, an d‘Gebai och net méi betrieden dierf. De Boss vun der Ambassade wier elo de Militärattaché. Gutt datt dann elo och déi brittesch Regierung vum Wiessel weess…

De britteschen Ausseministère huet dann och bestätegt, datt nodeems d‘Medie bericht hätten, hinne matgedeelt gi wier, datt den Ambassadeur formell ofberuff ginn ass. Een Nofolger ass de Britten elo awer nach net genannt ginn. Den Ausseminister Dominic Raab, huet de Courage vum Kyaw Zwar Min via Twitter gelueft, leider näischt derzou gesot, wat hie gedenkt fir de Mann ze maachen.

Ambassadeur

Hëllef huet den Nigel Adams vum Aussewirtschaftsamt ugebueden. Virun der Ambassade huet sech dann och séier eng gréisser Mënschemass afonnt, fir esouwuel de Rausschmëss vum Ambassadeur, wéi de mäerdereschen Ëmgang mat Widderstand vun der Bevëlkerung ze denoncéieren. Interessant de Constat, datt de Militärattaché hei net op d‘Leit schéisse gelooss huet. Ass wuel just en Detail…

Allerdéngs leeft et dofir am Myanmar grad esou weider. Zanter de Generol Min Aung Hlaing sech d‘Muecht ergraff huet, sinn iwwer 580 Mënsche vun den Zaldoten ëmbruecht ginn. Bal 3.000 Leit sëtzen an Haft oder gi „vermësst“. Bei de geziilten Ugrëff op d‘Bevëlkerung schéngen d‘Zaldoten et besonnesch op Jugendlecher a Fraen ofgesinn ze hunn. China a Russland stäipen d‘Militärjunta.

mat The Irrawaddy an indymedia/lon

Foto: De Kyaw Zwar Min ass den Ament „fräigestallt“ an huet och net wëlles sech de Genereel am Myanmar entgéintzestellen, wäert awer weider fir d‘Demokratie an d‘Fräiloossung vun allen vum neie Regime inhaftéierte Regimegéigner kämpfen © Len Aye

Related topics Ambassadeur, Burma, Kyaw Zwar Min, Min Aung Hlaing, Myanmar, Putsch
Next post Previous post