Search

You may also like

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?
International Neiegkeeten

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Et ass déi franséisch Versioun vum amerikanesche „Midterm-Bilan“ woubäi sech

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa

Gëschter hat den Aarbechts- a Sozialminister, Nicolas Schmit (LSAP) „héije“

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Februar 2020
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Februar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert

Um Samschdeg huet de Groussherzog Henri un der feierlecher Erënnerungszeremonie am Kader vum 75. Commemoratiounsanniversaire am fréiere SS-Sonnerlager „KZ Hinzert“ deelgeholl. Ee wichtege Bäitrag géint d‘Vergiessen.

Den Optakt vun der Zeremonie huet eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich mat enger Mass gemaach, während där d‘Nimm vun den 82 Lëtzebuerger genannt goufen, déi zu Hinzert oder engem vun den ugeglidderte Lager vun Nazi-Däitschland ermuert goufen. Am Uschloss un den Äerzbëschof hunn d‘Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz, Malu Dreyer, an de Premierminister Xavier Bettel zu de Gäscht geschwat. Ofschléissend huet de Groussherzog seng Ried gehalen:

Hinzert

Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Jean-Claude Hollerich, huet op der Gedenkplaz zu Hinzert eng Mass zu éiere vun eise Bierger gehalen, déi et gewot haten dem Nazi-Okkupant d‘Stir ze bidden. © Cour grand-ducale / Sophie Margue

An dëser huet de Groussherzog Henri ergräifend drop higewisen, datt „eis Wierder a Rieden den Affer a Leide vu Millioune Mënschen net ka gerecht ginn“, mee datt Wierder onerlässlech sinn fir d‘Erënnerung un eng Zäit lieweg ze halen, déi sech nimools widderhuelen dierf. „Dausende Mënsche, dorënner 1.500 Lëtzebuerger goufen hei gefaange gehalen a gepéngegt. 20 vun hinne goufen nom Generalstreik vun 1942 ermuert, a weider 23 sinn am Februar 1944 ëmbruecht ginn“.

Hinzert ass, esou eise Groussherzog Henri, „aus Lëtzebuerger Siicht en uert vun der Erënnerung ginn an um Niklos-Kierfecht um Lampertsbierg steet d‘Hinzerter-Kräiz, en Denkmal dat den offiziellen Titel ‚Nationaalt Monument vun der Resistenz an der Deportatioun‘ dréit. Dëst Kräiz ass aus dem Holz vun de Baracken aus dem SS-Sonnerlager entstanen“. Seng Altesse ass dann och nach op d‘Zäitgeschéien agaangen, an huet seng Groussmamm, d‘Groussherzogin Charlotte zitéiert.

Hinzert

Gruppefoto vum Groussherzog Henri mat den Honoratioren. © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Si hat am Mäerz 1946, wéi déi ermuerte Lëtzebuerger vun Hinzert iwwerfouert goufen an zu Bestattung um Niklos-Kierfecht ukomm sinn gesot: „Dëser Deeg kommen aus deem frieme Land déi erëm, déi am Déngscht vun der Fräiheet gefall sinn. Mir empfänken si mat Léift an Dankbarkeet a mir leeën si an de Lëtzebuerger Buedem, deen hir Heemecht ass. Hien Undenke lieft an onsen Häerzer ewéi eng helleg Flam…“. Wierder déi eis och haut nach vill sollte bedeiten.

A senger Ried ass de Groussherzog awer och op säi Papp de Groussherzog Jean ze sprieche komm. Hien hat am Kader vum éischte Lëtzebuerger Staatsbesuch an Däitschland nom 2. Weltkrich (1977) drop bestanen d‘SS-Sonnerlager zu Hinzert ze besichen. De Groussherzog Jean sot deemools: „Mir dierfen d‘Solidaritéitsflicht ugesiichts den Affer vun dëser tragescher Epoch net vergiessen. Fir eng Widderhuelung vun esou schrecklechen Epreuven ze verhënneren, hunn sech eis Vëlker engagéiert hir Ustrengungen zesummenzeleeë fir en integréiert Europa ze schafen an esou eng Zukunft vum Fridden an der Gerechtegkeet opzebauen“.

Hinzert

No der Mass an de Rieden, huet de Groussherzog Henri, a Begleedung vun der rheinland-pfälzescher Ministerpresidentin, Malu Dreyer, e Blummekranz virum Denkmal néiergelucht. © Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Groussherzog Henri huet dunn erkläert, datt een zesummekomm ass fir, fir allen Affer vu Gewalt an Onrecht aus dëser Zäit ze gedenken. „Leed kennt keng Grenzen, keng Nationalitéiten, keng Altersklassen oder sozial Ënnerscheeder. Uerter vun der Erënnerung wéi Hinzert muss eis alleguerten och eng Léier sinn: datt de Mënsch esou grausam hie ka sinn, och amstand ass eng positiv Zukunft ze erriichten“. An längst hu mir eise Fridde mat den däitschen Nopere gemaach.

E besonnesche Merci hat de Groussherzog Henri fir déi vill jonk Leit déi sech dëser Zeremonie ugeschloss haten. Hir Bereetschaft d‘Flam vun der Erënnerung weider brennen ze loossen, ass en Zeeche vun der Hoffnung. „Loosst eis ni d‘Affer vu de Millioune Mënsche fir déi wiesentlech Wäerter vergiessen, Fräiheet, Demokratie a Mënschewierd, op deenen eis Gesellschaften an d‘Entente tëscht de Vëlker opgebaut sinn“, esou de Groussherzog ofschléissend.

Foto: © Cour grand-ducale / Sophie Margue

matgedeelt vum groussherzoglechen Haff, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Gedenken, Groussherzog Henri, Hinterter-Kräiz, KZ Hinzert, SS-Sonnerlager
Next post Previous post