Search

You may also like

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!
International Kultur Neiegkeeten

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!

Scho vu Klengem un muss ee sech ëm seng eege

Covid19-Moossnamen: Si hätten do emol eppes virbereet
International Kultur Neiegkeeten

Covid19-Moossnamen: Si hätten do emol eppes virbereet

No der Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot um haitegen Dënschdegmueren, hunn sech

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model
International Kultur Neiegkeeten

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

D‘Decisioun vum Grupp Daimler sech vu sengem Standuert vun Hambach

La Folie Sur Scène 2: Den 8. Februar am Casino 2000!

La Folie Sur Scène 2: Den 8. Februar am Casino 2000!

International Dänzer, Comediens an Zirkusartisten erwaarde Kleng a Grouss! Mat La Folie Sur Scène 2 kënnt een spannenden an extravagante Spektakel fir déi ganz Famill an de Casino 2000 zu Munneref.

Et gëtt faarweg, lëschteg an einfach anescht, wéi alles wat Dir virdrun u klassesche Shows gesinn hutt. D’Mëschung aus enger Grimmel Zirkus, engem Soupçon Theater an engem Stéckelchen Danz bréngt d’Talenter vun internationalen Artisten ervir, déi op der Bühn de Publikum mat hirer Passioun matrappe wäerten.

Nodeems am vergaangene Joer d’Konzept vum Matis Feller a Samuel Pauwels hirem La Folie Sur Scène esou grousse Succès erlieft huet, wot een et elo nach emol. Mat engem Optrëtt vun 105 Minutten gëtt all Spectateur op eng Rees duerch d’Zäit entfouert, bei där engem reegelméisseg den Otem ewech bleift, d’Häerz méi schnell schléit an d’Faszinatioun fir dës artistesch Horizonter zouhëlt.

Sidd Dir dobäi? Um 8. Februar 2020 ass La Folie Sur Scène 2 zu Besuch am Casino 2000 zu Munneref. Souwuel um 16 Auer, wéi och um 20 Auer gëtt eng Seance ugebueden. Seng Plaz kann een online iwwert www.lafoliesurscène.com reservéieren. D’Präisser gi vu 25 bis 35 €. Mir wënsche vill Spaass!

La Folie Sur Scène

© La Folie Sur Scène

Opmaacherbild: © La Folie Sur Scène

Related topics Akrobatik, Casino 2000, Danz, Februar, La Folie Sur Scène, La Folie Sur Scène 2, Matis Feller, Samuel Pauwels, Show, Spektakel, Zirkus
Next post Previous post