Search

You may also like

Europa als Wiechter vum Patentschutz
International Neiegkeeten

Europa als Wiechter vum Patentschutz

D‘Propose vun den Amerikaner den Patentschutz op d‘Covid19-Vaccinen temporär auszesetzen,

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.
International Neiegkeeten

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.

No der leschter vu ville Verhandlungsronnen (27. September) huet d‘Direktioun

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

D’Stad Lëtzebuerg kënnegt déi éischt Editioun vum Floumaart um Knuedler

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich

Um Donneschdeg, den 29. August ass S.A.R. d’Groussherzogin als internationalen Invitée bei der Summer-Universitéit vum MEDEF begréisst ginn. D’Evenement „La rencontre des Entrepreneurs de France“ huet 7000 Entrepreneuren ugezunn.

Déi nei Editioun vu „La rencontre des Entrepreneurs de France“ stoung ënnert dem Thema „« No(s) Futur(s), climat, inégalités, conflits… Quel capitalisme demain?“. Tëscht dem 28. an 29. August hu se

Nom Accueil an dem Gespréich mam Här Goffroy Roux de Bézieux, aktuelle President vu MEDEF, wéi och mam Här Pierre Gattaz, fréiere President vu MEDEF a President vu Business Europe, duerft d’Groussherzogin op der Bühn hir Ried un déi d’Gäscht halen. Dobäi huet si hir eegen Iwwerzeegungen a konkret Aktiounen genannt, fir esou d’Ongläichheeten, bei deene virun allem Fraen Affer ginn.

Eng vun hiren Iwwerzeegungen ass virun allem, datt „d’Plaz vun de Fraen an der Gesellschaft eis gemeinsam Zukunft bestëmmt. D’Egalitéit am Recht an d’Educatioun vu jonke Meedercher, déi ekonomesch Onofhängegkeet, mee och de Kampf géint d’Gewalt géint Fraen si wichteg Sujeten.“ Heibäi huet si d’Beispill vu Lëtzebuerg ginn, wou si den éischten internationale Forum „Stand Speak Rise Up!“ am Mäerz 2018 gegrënnt huet. Affer aus der ganzer Welt sollen doduerch eng zentral Plaz kréien an zu Wuert kommen dierfen.

La rencontre des Entrepreneurs

© Cour grand-ducale / Frédéric Reglain

Déi zuelräich Entrepreneuren hunn hire Rotschléi konzentréiert nogelauschtert, sou datt och si am Eeschtfall handele kéinten. „Mir sollten all Kolibrie sinn, déi virun engem brennende Bësch stinn“, erkläert d’Groussherzogin.

Kuerz no der Ried ass eng Seance organiséiert ginn, bei der ee seng Froe stellen duerft. Beim Evenement huet d’Groussherzogin d’Implikatioun vu Lëtzebuerger a franséischen Entreprisen am Kampf géint Gewalt ervir gehuewen.

Opmaacherfoto: © Cour grand-ducale / Frédéric Reglain

Related topics La rencontre des Entrepreneurs de France, Longchamp, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post