Search

You may also like

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban
Neiegkeeten Stories

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher

Fairtrade: Alles Banann oder wat?
Neiegkeeten Stories

Fairtrade: Alles Banann oder wat?

Sponsored Story – D’Banann ass eng vun de beléiftste Friichten

Orange Week 2019: Hand an Hand um Knuedler
Neiegkeeten Stories

Orange Week 2019: Hand an Hand um Knuedler

Passend zur Orange Week 2019, déi vum 25. November bis

Laangzäitfolge vum Covid19 net op déi liicht Schëller huelen

Laangzäitfolge vum Covid19 net op déi liicht Schëller huelen

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hir Experte sinn sech eens: et muss een sech elo ëm méiglech Laangzäitfolge vun enger Infektioun mam Covid19 këmmeren. Fir dëser Fuerderung elo gerecht ze ginn, gëtt a Kooperatioun mam Nationalen Déngscht fir Infektiounskrankheete vum CHL, dem Rehazenter Kierchbierg an dem Munnerefer Thermalbad ee Pilotprojet lancéiert.

Eng wuel noutwenneg Aktioun, woubäi net wierklech gewosst ass wéi vill Mënschen zu Lëtzebuerg vun de Laangzäitfolge betraff sinn. Eng Statistik gëtt et dozou net, dofir awer masseg spekulatiivt Material. Jee nodeem wéi enger Etüd ee vertraut, wiere bis zu 20% vun de „liicht Infizéierten“ a bis zu 60% vun de „schlëmmere Fäll“ betraff. D‘WHO confirméiert d‘Existenz vun der Pathologie.

Gëschter dann huet d‘Gesondheetsministesch de Pilotprojet mat enger multidisziplinärer Prise en Charge virgestallt. Dëse soll elo emol op sechs Méint festgeluecht ginn. Fir Lëtzebuerg huet et dann eng éischt virsiichteg Estimatioun wat d‘Zuel vun de Betraffenen ugeet. Bis zu 700 Persounen, esou d‘Aschätzung, dierften dëse Projet an Usproch huelen. Et gëtt sech Erkenntnisser dovunner erwaart.

Dee „laange Covid19“

An dësem spezielle Kontext, dee vun de Spezialisten als „laange Covid19“ presentéiert gëtt, soll gekläert ginn, wéi ee mat Patienten déi laang no hirer Infektioun, nach ëmmer ënner gréisseren a virun allem behënnerende Symptomer leiden. Et handelt sech heibäi an de meeschte Fäll, ëm eng unhalend Middegkeet, neurologesch a kardiologesch Problemer, de Verloscht vum Geroch an dem Geschmaach, mee och Verdauungsproblemer aneres méi, maachen de Mënschen d‘Liewe schwéier.

Et si Mënschen déi hiren Aktivitéiten net am vollen Ëmfang kënnen nokommen, net méi an dat aalt Liewen zeréckfannen. Fir d‘Paulette Lenert ee gudde Grond sech dem Problem pragmatesch mat enger rationeller a wëssenschaftlech fundéierter Demarche unzehuelen. An de meeschte Fäll sinn et d‘Hausdokteren, déi sech ëm d‘Prise en Charge vun dëse Symptomer këmmeren. Wou awer déi „schwéier“ Symptomer persistéieren, brauch et weiderféierend Analysen a méi geziilt Traitementer.

Dorausser ergëtt sech eng koordinéiert Prise en Charge am Spidol, fir eng Dekompenséierung vun de Co-Morbiditéiten auszeschléissen, erkläert D‘Doktesch Stephanie Obertin, Presidentin vum Cercle vun de Generalisten. Dat Ganzt soll akribesch Dokumentéiert gi fir weider Fuerschungen zu de Laangzäitfolge vun enger Covid19-Infektioun ze erméiglechen. Doriwwer eraus soll et och eng psychologesch, méiglecherweis eng psychiatresch Begleedung fir d‘Patienten envisagéiert ginn.

De klinesche Parcours

Wat elo d‘Prise en Charge ugeet, esou verleeft de klinesche Parcours an dräi Etappen: als éischt muss de Patient mam „laange Covid19“ säin Hausdokter/Referenzdokter opsichen, deen dësen no klore Kritären orientéiert. Et kommen also nëmme Patienten a Fro, bei deenen een zousätzleche Bilan am Spidol muss gemaach ginn an/oder wou eng pluridisziplinär Prise en Charge néideg ass.

Ginn dës Konditiounen erfëllt, muss sech de Patient ee Rendez-vous beim Nationalen Déngscht fir Infektiounskrankheete (SNMI) vum CHL huelen. Dozou erkläert d‘Doktesch Thérèse Staub vum SNMI:

„Bei der éischter Consultatioun gëtt eng komplett Anamnes vum Patient gemaach, dat mat engem sougenannte ‚Fall-Manager‘ op er Basis vun engem standardiséierte Froebou. Dësen erlaabt déi predominéierend Symptomer ze identifizéieren, déi eng eventuell Erfuerschung benéidegen, mee och de Grad vun der Drénglechkeet an d‘Prioriséierung fir d‘Prise en Charge festleeën. No der Consultatioun mam koordinéierenden Dokter vum Patiente-Bilan, gëtt am Kompetenzreseau eng Entscheedung zur therapeutescher Orientéierung, op de Grondlag vun de spezifesche Besoine vum Patient geholl“.

Sollt dann eng spezialiséiert Prise en Charge noutwenneg sinn, ginn d‘Patienten entweder op de Kierchbierg an de Rehazenter, oder an d‘Thermalbad vu Munneref geschéckt. Fir d‘Ministesch ass et wichteg, datt dës Patienten eng adaptéiert Begleedung erhalen, an hinnen esou ee laange Parcours vun Diagnostik zu Diagnostik erspuert bleift. De Budget fir de Pilotprojet gouf op 1,01 Milliounen Euro festgeluecht. Starten deet de Pilotprojet dësen 1. August.

Foto: © Pol Figuenne / MSAN

Related topics Gesondheetsministesch, Laange Covid19, Laangzäitfolgen, MSAN, Pandemie, Paulette Lenert
Next post Previous post