Search

You may also like

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten
Neiegkeeten

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten

Op Demande vun de franséischen Autoritéiten setzt sech d’Flotte vun

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance
Neiegkeeten

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

E Projet, dee méi ass wéi nëmmen dofir ze suergen,

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
Neiegkeeten

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

Laangfanger gepëtzt

E Samschdeg goufen an der Stad véier onéierlech Geselle wéinst Déifstall aus dem Verkéier gezunn

Laangfanger gepëtzt

En éischte Virfall hat d‘Police an der Garer Avenue um 18.30 ze klären. Hei hat eng Persoun an engem Drogeriegeschäft „eppes“ agestach. Si gouf heibäi allerdéngs vum Sécherheetsbeamten observéiert a folgerichteg gestallt. Den onéierleche Personnage war net sonnerlech schaarf op ee Gespréich, a wollt sech duerch d‘Bascht maachen.

Well d‘Police séier op der Plaz war, konnt de Brigang zügeg gestallt ginn. De Procureur huet an dësem Kontext d‘Verhaftung vum Déif ugeuerdent. Et sollt net bei dësem Virfall bleiwen… An engem Akafszenter, geleeën um Boulevard Alphonse Weicker (Kierchbierg), goufen der Police e Samschdeg um 20 Auer „Laangfanger“ gemellt.

D‘Police ass der Saach nogaangen, an konnt op der Plaz déi 3 vermuttlech Täter opgräifen. Dës goufen iwwerpréift, an heibäi sinn déi geklaute Saachen (am wäert ronn 1.000 Euro) dann och séier nees zum Virschäi komm. Déi geklaute Géigestänn goufe vun de Beamte séchergestallt an de Procureur informéiert. Dësen huet d‘Verhaftung vun den dräi Brigangen ugeuerdent.

Alle véier haten um Sonndeg Rendez-vous mam Untersuchungsriichter. Ob si „agesat“ goufen oder ob de Riichter gnädeg war, geet net aus dem Bericht vun der Police ervir.

Illustratioun: © Bill Oxford / unsplash

Related topics Brigangen, Déif, Déifstall, Police, Procureur, Untersuchungsriichter
Next post Previous post