Search

You may also like

Bastele, kniwwelen, kreativ sinn: De MakerBuzz am SOS Kannerduerf
Neiegkeeten

Bastele, kniwwelen, kreativ sinn: De MakerBuzz am SOS Kannerduerf

Eegen Iddien ëmsetzen, un engem Objet kniwwelen a bastelen, a

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
Neiegkeeten

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport
Neiegkeeten

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport

Am Munnerefer Casino huet um Samschdeg Bensin an der Loft

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Et ass net grad déi beschten Zäit fir den handel am allgemengen, firwat se gutt op de Besuch vun onéierleche Cliente verzichte kéinten. Wéi d‘Police elo matgedeelt huet, sinn awer nees uechtert d‘Land eng ganz Rëtsch un Déifställ an de Geschäfter/Butteker ze verzeechnen.

An engem Supermarché zu Käerjeng gouf esou en Déif in flagranti erwëscht, wéi dësen d‘Batterien aus enger Täscheluucht zoppe wollt. Och an engem Supermarché zu Uewerkuer gouf geklaut, den Detail dozou huet et net. Zu Déifferdeng selwer, goufen zwou jonk Damme bei der Ausübung vun hirer onéierlecher Konscht observéiert.

Och an der Haaptstad krut d‘Police Déifställ gemellt. Esou gouf an engem Kleedergeschäft an der Antwerpener-Strooss, e Mann dobäi erwëscht, wéi dësen am war Begrëff sech direkt 2 Jacketten unzëeegnen. E weideren Déif wollt sech an der Groussgaass an Uewerstad en neie Portmonni vun héijem Wäert zouleeën, a gouf gepëtzt.

Nieft dëse Faiten (et war och an de Chimay-Stross zu engem Déifstall komm) appelléiert d‘Police zur Virsiicht. Et sinn nees där „Falscher“ ënnerwee, esou d‘Police, déi sech als Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen ausginn. Bleift wann ech gelift Opmierksam, wa bei iech ëm eng „Spend“ nogefrot gëtt verlaangt en Auswäis.

Erënnerung: Um Internetsite vun der Police gëtt et ëmfänglech Informatiounen zu de Methoden déi vu Bedréier ugewannt ginn. D‘Informatioune sinn och a Lëtzebuerger Sprooch zougänglech. Hei sollt ee sech reegelméisseg um lafenden halen. An denkt wa gelift och un är eeler Matmënschen déi nach net digital ënnerwee sinn.

Illustratioun: © Sadria Aditya / unsplash

Related topics Arnaque, Bedréier, Déifstall, Laangfanger, Police
Next post Previous post