Search

You may also like

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?
Kultur Neiegkeeten

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus

Editorial: Keng Panik!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“
Kultur Neiegkeeten

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

International Unerkennung fir den Natur- & Geopark Mëllerdall

International Unerkennung fir den Natur- & Geopark Mëllerdall

Vum 25. bis 29. Mee feiert den Natur- & Geopark Mëllerdall (NGPM) säin natierlecht, geologescht a kulturellt Ierwen. Dobäi freet sech den Natur- & Geopark Mëllerdall immens, datt nach an dësem Joer eng Kandidatur fir d’Memberschaft am internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparks agereecht gëtt. Duerch de Label, deen och fir international Unerkennung steet, gëtt d’Natur – a Kulturierwen iwwert d’Grenzen hinaus méi bekannt.

Nodeems am November 2017 d’Kandidatur ofgelehnt ginn ass, huet een intensiv un enger neier Bewerbung geschafft. D’UNESCO huet scho matkritt, datt d’Regioun iwweraus grouss Potential huet an een international bemierkenswäert geologescht Ierwen opweise kann. Alle Bedeelegte war vun Ufank u kloer, datt een et nach emol woe muss. D’Kritikpunkten sinn behäerzegt a verbessert ginn an esou hofft een, et dës Kéier ze packen. D’Daume si gedréckt!

D’Kandidatur huet ronn 50 Säiten a gëtt am Hierscht 2020 agereecht. Nodeems d’UNESCO d’Dokument gepréift huet, besichen am Fréijoer/Summer 2021 zwee Experten d’Regioun. Am Fréijoer 2022 gëtt dann d’Resultat verëffentlecht.

© Natur- & Geopark Mëllerdall

Wat ass dann eigentlech een Natur- & Geopark?

Just Regiounen, déi een eenzegaartegt Natur- a Kulturierwe besëtze, kënnen zum Natur- & Geopark ginn. E besonnesch wichtege Bestanddeel am Mëllerdall ass déi faszinéierend Geologie, déi bis wäit iwwert d’Grenze vum Groussherzogtum eraus bekannt ass. Besonnesch Mierkmaler, wéi d’Drénkwaasserautarkie an d’Landnotzung stiechen hei ervir. Aus dësem Grond dierf och just dësen Lëtzebuerger Naturpark den Zousaz Geopark droen.

Folgend Gemengen gehéieren zum NGPM: Beefort, Bech, Bäerdref, Konsdref, Iechternach, Fëschbech, Hiefenech, Fiels, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg.

Hannert dem Titel Natur- & Geopark Mëllerdall verstoppe sech immens villfälteg Projeten an Déngschter, déi dem Visiteur d’Natur méi no bréngen a fir ee responsabelen Ëmgang mat hir bäidroe sollen. Vum Klima an erneierbaren Energien, iwwert Drénkwaasserschutz, Berodung fir regional Produzenten oder och d’Fërderung vu lokale Ressourcen ass de Programm gutt gefëllt.

Natur- & Geopark Mëllerdall

© Natur- & Geopark Mëllerdall

A wat sinn elo UNESCO Global Geoparks?

Ma, bei den UNESCO Global Geoparks handelt et sech ëm Regioune mat Stied a Landschaften vun international unerkannter geologescher Bedeitung, där hire Wäert duerch ee Gesamtkonzept aus Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung, ierliefbar gëtt. Dat geologescht Ierwe gëtt dem Mënsch méi no bruecht, sou datt eng Identifikatioun mat der Regioun entsteet.

Donieft gëtt de Geotourismus an déi regional Entwécklung gefërdert, mee och Erausfuerderunge vun der haiteger Gesellschaft (z.B. Klimawandel) ginn beschafft.

Am vergaangene Joer goufen et 147 UNESCO Global Geoparks an 41 Länner. Reegelméisseg Netzwierktreffen biden hei d’Méiglechkeet zum intensiven Austausch, Fanne vun Iddien an d’Léiere vuneneen.


Duerch déi aktuell Pandemie huet een fir d’Woch vum Natur & Geopark Mëllerdall een digitaalt Fest op Facebook opgebaut, wou spannend a wëssenswäert Informatiounen iwwert d’Regioun op Iech waarden!

Opmaacherbild: © Natur- & Geopark Mëllerdall

Related topics Drénkwaasser, Erneierbar Energien, Expert, International Unerkennung, Kandidatur, Klima, Label, Natur- & Geopark Mëllerdall, Natur- a Kulturierwe, Regional Produiten, UNESCO Global Geoparks
Next post Previous post