Search

You may also like

Wanteraktioun um Findel: Den Ierfgroussherzog zu Besuch am Nuetsfoyer
Meenung Neiegkeeten

Wanteraktioun um Findel: Den Ierfgroussherzog zu Besuch am Nuetsfoyer

Lescht Woch huet den Ierfgroussherzog Guillaume, zesumme mam Corinne Cahen,

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…
Meenung Neiegkeeten

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…

Am Zäitalter vun de Fraerechter, der Emanzipatioun an dem Recht

Vakanzenzäit an Ausgangsspär passen net zu enaner
Meenung Neiegkeeten

Vakanzenzäit an Ausgangsspär passen net zu enaner

Datt déi ominéis Ausgangsspär méi Gängelung wéi Schutzmoossnam ass, datt

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)

Si mir prett fir eng Lackerung vun de Mesuren? (Analys)

Datt d‘Gesondheetsministesch ee Sonndeg an der Sendung „riicht eraus“ um Mikro vum 100,7 – dem soziokulturelle Spartesender – villes Erkläert an op d‘Froe vum Vollek geäntwert huet, dat muss ausdrécklech begréisst ginn. Et huet interessant Informatioune wéi et och verwonnerlech Aussoe ginn, firwat et net vu Muttwëll ass deen een oder anere Punkt ze beliichten.

Esou steet ausser Zweiwel, datt ee serologeschen Test vun engem Echantillon vun de Residente, der Wëssenschaft vill wichteg Informatioune brénge kann. Ze wësse wéi vill Mënschen infizéiert sinn, a wéi vill vun dëse schonn Antikierper entwéckelt hunn, ass imminent wichteg. D‘Paulette Lenert (LSAP) huet dann och an Aussicht gestallt, datt dësen Test an den nächste Woche kéint ulafen.

Laut der Gesondheetsministesch, missten sech eng 1.600 Residenten zu dësem Zweck engem Blutttest ënnerzéien. Weider huet et geheescht, datt de nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) an de Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) sech dofir en däitschen „Test“ ausgesicht hunn, mat deem et méiglech wier, d‘Entwécklung vun den Antikierper an der Bevëlkerung ze bemoossen.

Bis dohinner géif awer weider verstäerkt depistéiert, wat gutt, richteg a sënnvoll ass. Lëtzebuerg mécht hei och weesentlech méi wéi aner Länner, dat ass Fakt. Mir hunn awer och dank eiser Gréisst eppes „aner“ Méiglechkeete wéi vill aner Länner. Zudeem muss een der Regierung gutt halen, bis heihinner alles am Grëff ze hunn. Bei eis stierwen dann och nëmmen 1,1% vun den Infizéierten.

Mëtt Abrëll esou d‘Paulette Lenert sollt mir den Héichpunkt vun der Kris erreecht hunn. Et hätt gutt geklappt mam Confinement an d‘Leit wieren am Allgemenge ganz verständlech, firwat eis Servicer net iwwerlaascht sinn, an Lag entspriechend iwwersiichtlech ass. Si huet den Nolauschterer och gesot, datt ee sech Ufank Februar nach net den tatsächleche Gefore richteg bewosst gewiescht ass.

De Retour zur Normalitéit

Interessant, well schonn eppes erschreckend, dann d‘Annonce vun der Ministesch, datt ee sech elo op ee Retour – wann och schrëttweis – zur Normalitéit virbereet. Dogéint schwätzen awer direkt eng ganz Rëtsch un Argumenter. Zum enge kann et realistesch betruecht, nëmmen esou eppes wéi Normalitéit ginn, wann een déi dofir néideg Mesuren, zumindest mat den Noperen ergräift.

Zum anere, muss een Uecht doen, datt eng Lackerung net zu engem neien „opflamen“ vun den Infektiounsfäll féiert. Datt sollt besonnesch da behäerzegt ginn, wann een de Mënschen erkläert datt Europa als „Gemeinschaft“ op volle Linn verseet, also eigentlech carrement incapabel ass. Et gëtt kee Konsens, net emol eng „flexibel“ Richtlinn op déi sech d‘Länner verstännege kéinten.

Eng gesamt europäesch Solidaritéit gëtt et net. E weidere Problem residéiert doranner, datt et wuel „europäesch Commande“ vu Medikamenter a medezineschem Material gëtt, Lëtzebuerg dovunner awer nach näischt gesinn huet. Och do si mir, dank gudder Bezéiungen zu China, besser opgestallt, mee wann de „Grand Est“ alarméiert datt d‘Medikamenter ausginn, esou heescht et oppassen.

De Stock bei eis, esou d‘Paulette Lenert misst fir d‘Land duergoen, mee deelen ass natierlech net méiglech. Dat alles sinn dann awer Informatiounen, déi een esou net wierklech iwwerpréiwe kann an eigentlech géint d‘Lackerung vum Confinement schwätzen. Do wat d‘Fro vun der Moderatrice Pia Oppel, ob een net heiansdo misst Léie fir Panik ze vermeiden, dann och zoutreffend.

An d‘Paulette Lenert ënnersträicht an hirer Äntwert, datt dat déi rout Linn ass, déi eis Regierung net géif iwwerschreiden, elo ze Leie wier kontraproduktiv. Wëssenschaftlech Informatioune géifen op déi ëffentlech Plaz gehéieren an et wéilt een der Press och kee Maulkuerf undoen. Dat wier zudeem am digitalen Zäitalter schonn eppes komplizéiert an déit drop hinn datt dru geduecht gouf…

Vu Mesuren a Strategien

Elo gëtt zu deem wat d‘Gesondheetsministesch ee schrëttweise Retour zur Normalitéit nennt, awer ee wëssenschaftlech fundéierte Video, deen et och deem dommste Mënsch sollt verständlech maachen, datt et esou eppes wéi Normalitéit beschtefalls da ka ginn, wa mir – an och eis Noperen – d‘Pandemie nees an den Zoustand vun der Phas 1 zeréckversetze kënnen. Dat ass kee Witz…

Gutt, domadder hu mir dann emol eng „wëssenschaftlech Informatioun“ ëffentlech gemaach, déi, wann eis Wëssenschaftler a Fuerscher um Lafende sinn, hinnen net sollt onbekannt sinn. Firwat esou eng Thees vun eise Politiker net am ëffentleche Raum ugeschwat oder Debattéiert gëtt, sot d‘Ministesch net. Mir géife gäre d‘Meenung vun der Regierung dozou wëssen, mee dat geet net.

Wéi soll dann eise Retour zur Normalitéit ausgesinn? Also datt sech net iwwer Nuecht wäert erginn ass kloer, mee wann een esou wichtege Sujet uschwätzt ouni en Zäitraum ze nennen, ass ee séier nees bei den Erklärungen aus dem Video ukomm. Mee bon, agaangs war jo och nëmme Rieds vu „Preparativen zur schrëttweiser Lackerung vun de Moossnamen“, do gëtt et also eppes Spillraum.

Ugeschwat gouf och dat leedegt Thema „Gesiichtsmasken“. D‘Patiente Vertriedung Asbl hat jo an dëser Hisiicht eng pointéiert Fuerderung opgestallt. Stellt sech hei dann och d‘Fro wéi sënnvoll eng Maskeflicht wier, wéi se Beispillsweis vum éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz elo ugeuerdent ginn ass. Dat setzt viraus, datt et där „nëtzlecher“ Maske genuch muss ginn.

D‘Paulette Lenert stellt fest, déi Unzuel u Masken huet et net, firwat een och keen zwénge kann eng Unzedoen. Si huet ze och bedenke ginn, datt et bei de Masken Ënnerscheeder gëtt, wat keen drun hënnert sech esou eppes an Heemaarbecht selwer zesummenzebitzen, well et ass „jo besser wéi näischt“. An awer schéngt d‘Regierung vill Maske bestallt ze hunn, fir se méi breet ze verdeelen.

No konkreten a seriéisen Aussoe kléngt dat alles net. Déi versprachen Transparenz bleift dann och eng Saach vun der Interpretatioun. Esou wéi eise Gesondheetssystem opgestallt ass, an dat begräift d‘Reserven an, dierf 1 Mënsch maximal 1,5 Mënschen ustiechen, wann een d‘Zuel vun de Stierffäll wëll op enger erdréiglecher Mooss halen. Mee wirtschaftlech Interesse stinn deem och hei am Wee.

Illustratioun: © Jason Rosewell / unsplash

Related topics Confinement, Coronavirus, Covid19, Gesondheetsministesch, Paulette Lenert
Next post Previous post