Search

You may also like

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
Neiegkeeten Sport

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun
Neiegkeeten Sport

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun

Bis 2050 soll Europa mam sougenannte Green Deal zum éischte

Raftside um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten Sport

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!

Lacrosse zu Lëtzebuerg? Jo dat gëtt et! A leschte Sonndeg konnten d’Blacksmiths mat engem phenomenale Resultat géint d’Namur Knights gewannen. Nodeems dat lescht Spill géint déi belsch Ekipp net den Erwaardungen no gelaf ass, konnten eis Lëtzebuerger Sportler eng fantastesch Victoire vu 14-5 erzilen.

Den intensiven Training hat sech gelount. Nodeems och um Freideg staark un der Technik geschafft ginn ass an een Dag méi spéit een Trainings-Block vu 6 Stonn mam Coach R. Ingham Clark aus Groussbritannien absolvéiert ginn ass, kann ee wuel net méi houfreg op dëse Fortschrëtt sinn. Scho 70 Sekonnen nom Upäife vum Match stoung et nämlech 2-0 fir d’Blacksmiths. Fir si sollt et esou erfollegräich weider goen.

Kuerz virun der Paus koum et zu engem spannenden 5-4, woubäi d’Schiidsriichter den Namur Knights de Punkt nees, duerch een ongëltege Spillzuch, ofgezunn hunn. Mat esou engem opreegende Spillverlaf ware wuel d’Spiller genau esou benzeg op den zweeten Deel, wéi d’Fans.

Am Lacrosse ass den drëtte Véierel entscheedend. Ab dësem Zäitpunkt huet sech gewisen, datt déi haard Aarbecht sech gelount huet an een richteg gutt Chancen hätt de Match ze gewannen. Wéi de Coach Schmidt erkläert huet war dat „de beschte Véierel dee mir an der ganzer Geschicht gespillt hunn.“ Et hat sech nämlech ugefillt, wéi wann et ënnerhalb vun engem Otemzuch zum androcksvollen 12-3 komm wier.

Net labber loossen!

Trotz phenomenaler Féierung gouf viru gekämpft, den Drock op de Géigner ass gläich bliwwen. Esou hu béid Ekippen zum Enn vum Spill hin hir ganz Motivatioun, Konditioun an taktescht Geschéck an de Schléier geluecht, Bäll ofgefaangen a probéiert dat Ronnt an dat Eckeg ze schéissen.

D’Erënnerungen un dat lescht Spill géint d’Namur Knights haten hir Spuren hannerlooss. Nodeems et am leschte Véierel zum 12-5 komm ass, wollt een der belscher Ekipp esou kuerz virum Zil net nach eng Victoire vergënnen. Mat enger staarker Performance konnten d’Lëtzebuerger Sportler an de leschten 3 Minutte weider zwee Goler schéissen an soumat als Siger ervir goen!

„Mir sinn héich erfreet iwwert d’Victoire, si beandrockt vu jiddwerengem, deen haut gespillt huet, an dat an esou enger enker Unitéit. Ee grousse Merci un Namur, déi net opgehalen hunn ze kämpfen an a kengem Ament Schwächt gewisen hunn. Mir freeën eis op dat nächst Spill“, sou de Pit Bingen, President vum Lëtzebuerger Lacrosse. Dëser Ausso konnt de Coach Schmidt just bäifügen, datt „mir eis endlech, endlech, endlech beloune konnte fir de ganzen Effort.“ Donieft wier een immens glécklech iwwert de Support vun de Fans, déi sech wärend dem Spill zu ëmmer méi beim Stade Boy Kohnen zesumme fonnt hunn.

Lëtzebuerg an Lacrosse

Ugefaangen huet d’Geschicht vum Lacrosse duerch eng Frëndschaft tëscht dem Scharel Kirchen an dem Pit Bingen. Nodeems si a Groussbritannien, respektiv an Däitschland mat Passioun dëser Sportaart nogaange sinn konnten d’Kollegen et net erwaarden och am Grand-Duché eng Ekipp ze grënnen.

No an no huet een ëmmer méi Interesséierter fonnt, déi reegelméisseg an engem Park gespillt hunn. Schliisslech koum de Punkt un deem d’Motivatioun esou grouss war, datt een Neel mat Käpp maache wollt. „Wa mir 6 Persoune fannen, déi dat maache wëllen, grënne mir ee Club“. Ufank Dezember 2016 war et schliisslech esou wäit an de Luxembourg Lacrosse Club ass, zesumme mat 9 Memberen, gebuer ginn.

Och den Numm vun der Ekipp stoung schnell fest: Lëtzebuerg duerft een net vu senger Geschicht an der Stolindustrie trennen, wouduerch een den Numm Blacksmiths ugeholl huet.

Mëttlerweil ass de Sport op nationalem Niveau souwuel vum COSL, wéi och vum Ministère unerkannt. Mat professionellen Trainingen, Jugendcamps, regionalen Evenementer an der Presenz an de soziale Medie soll de Sport gewierdegt ginn a weider interesséiert Persounen unzéien.

De Fokus vum Luxembourg Lacrosse Club läit och dës Saison nach ëmmer am Rekrutement vun neie Spiller, der Fërderung vum Sport an dem Opbau vun enger Fraen- a Jugendekipp. Zesumme mam Martina McPherson, Coach vun der Fraen- a Jugendekipp, sou wéi dem Henning Schmidt, Coach vun der Männer- a Jugendekipp hofft een op weider grouss Erfolleger an eng opreegend Zäit fir déi verschidden Teams.

Trainéier gëtt iwwregens 4 Mol an der Woch:

  • Méindes um 19:30 ass Fraentraining zu Weimerskirch
  • Donneschdes um 19:30 Auer ass Männertraining zu Weimerskirch
  • Freides um 18:30 Auer gëtt zu Zéisseng d’Jugendekipp trainéiert (Umeldung ënnert schmidt@lacrosse.lu)
  • Freides um 19:30 Auer fënnt den Training fir Männer a Fraen zu Zéisseng statt

Weider Informatiounen ginn et ënnert www.lacrosse.lu.

Related topics Blacksmiths, Coach Schmidt, Lacrosse, Namur Knights, Pit Bingen, Stade Boy Kohnen
Next post Previous post