Search

You may also like

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren
Meenung Neiegkeeten

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren

Nodeems Moskau den Delai versträiche gelooss huet, ouni déi vu

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger
Meenung Neiegkeeten

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou

175 Joer Post – Eng digital Ausstellung duerch d’Lëtzebuerger Geschicht
Meenung Neiegkeeten

175 Joer Post – Eng digital Ausstellung duerch d’Lëtzebuerger Geschicht

Zënter e Méindeg kann ee virtuell an d’Welt vun der

Leider bréngt Lächerlechkeet keen ëm. Mir kéinten eis soss iwwer vill Staatsbegriefnesser freeën.

Leider bréngt Lächerlechkeet keen ëm. Mir kéinten eis soss iwwer vill Staatsbegriefnesser freeën.

D’Moossnamen am Kader vun der PLANdemie ginn ëmmer méi absurd an onwëssenschaftlech. Si gi begleet vum Terror ronderëm de gentechnesche Groussversuch um Mënsch, mat Laangzäitfolgen vun ongeteste mRNA- a Vektor-Stoffen. Dobäi ass et egal, wéi vill Doudeg an dauerhaft gesondheetlech Geschiedegter scho gezielt goufen.

Mee och d’Moossname géint de Protest si lues awer sécher net méi u Lächerlechkeet ze iwwertreffen. Fir d’lescht huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg de Kiosk vun der Place d’Armes verrammelt a mat Kette geséchert, well déi do ofgehale Riede bei der wëchentlecher Solidaritéitspolonaise esou stéieren. Wéi wann déi ouni de Kiosk net méi ofgehale kéinte ginn!

D’Moossnamen an all hirer Lächerlechkeet weisen net nëmmen, wéi plakeg déi offiziell Politik argumentativ ass, si weist och, ewéi arbiträr se ass. Schonn an dat Diktatorescht eran.

Well et huet si net gestéiert, wéi d’Wierten vun do uewe mat fest installéiertem Material korporatistesch gejéimert hunn, de Schäffenrot huet der Demonstratioun zur katastrophale Lag um Wunnengsmaart déi städtesch Anlag mat zwee Bedéngschteten fir d’Gestioun vum Kiosk bereetgestallt. E Widdersproch vun deenen, géint deenen hir Argumenter hinnen näischt afält, däerf awer net vun do ausgoen. Richteg Demokratie gesäit anescht aus!

Ah jo: „Keen huet d’Recht ze follegen!“ Dat gëllt fir jiddwereen, zemools fir Polizisten an Zaldoten. A wiem de Saz verdächteg virkënnt, ka selwer recherchéiere vu wiem e kënnt.

Mir wäerten op jiddwer Fall net follegen, wann eis d’Rechter ofgeschwat oder ageschränkt ginn, déi eis an der Konventioun vun de Mënscherechter vum Europarot an der Konventioun vun de Kannerrechter vun der UNO zougeséchert sinn. A wëll dës Konventioune vum klenge Groussherzogtum ratifizéiert goufen, stinn se iwwert den nationale Gesetzer.

Kommen dës a Konflikt mat de Konventiounen, gëllen dës an net d’Gesetzer. An dofir verweigere mir gréng Päss, Testerei, Masken, Ofstand, Alkoholverbuet an der Ëffentlechkeet, Aschränkunge vun de Besuchsrechter am Haushalt, de Geschäfter an dem Horesca-Betrib. Well dat alles stellt Beschränkunge vun de Rechter duer, déi eis an dëse Konventiounen zoukommen. Fräi Mënsche froen net, ob si hier Rechter ausliewen däerfen, si maachen et. A mir si fräi Mënschen!

E System, wat Mënschen- a Kannerrechter beschneit, muss ewech. Mir brauchen e System, an deem d’Mënschen hier Stëmm net méi an eng Urn geheien, woumat si dës dann ofginn. Mir brauchen e System, an deem d’Mënschen hier Stëmm behalen an aktiv un der Beschlußfaassung zu allem deelhuelen. Dofir sti mir!

*Matgedeelt vum Organisatiounskomitee vun der Solidaritéitspolonaise, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch/moien.lu. Déi ausgedréckte Meenung ass déi vun den Auteuren a gëtt net zwéngend vun der Redaktioun gedeelt.

Opmaacherbild: © Viktor Talashuk / Unsplash

Related topics Covid-19, Demokratie, Impfung, Lächerlechkeet, Masken, mRNA, Ofstand, Protest, Solidaritéitspolonaise, Vektor
Next post Previous post