Search

You may also like

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip
Neiegkeeten

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip

Op Demande vun der Personaldelegatioun vu Kneip huet d’ALEBA an

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft
Neiegkeeten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V
Neiegkeeten

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V

Vun der europäescher Medikamentenagence EMA mat Sëtz zu den Haag

Boah Ey…

Net dat et konkret Inhalter an der Lag vun der Natioun gehat hätt, mee als Sonndesried vertrietbar

Boah Ey…

Nodeems déi lescht parlamentaresch Sessioun an déi nei vum Chamberpresident agelaut gouf, eng Operatioun déi net ouni eppes liberale Pathos konnt duerchgeholl ginn, war et um Staatsminister Xavier Bettel, sech der Lag vun der Natioun unzehuelen. Et ass eng Bestandsopnam a folgerichteg, brauch et eppes méi Iwwersiicht, fir dem Premier bei alle Punkte follegen ze kënnen…

Well et Sënnfriem wier, dem „Chef“ seng Ausso ze widderhuelen an déi jo am ganze Wuertlaut – also dem geschriwwenen Text an dem Video – virläit, hu mir eis derzou entscheet op déi grouss Ukënnegungen anzegoen, iert haut, d‘Parteien an déi politesch Sensibilitéiten, sech mam Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun ausenanersetzen. Woubäi „Lag“ trëfft et net ganz…

Chamber
© Chambre des Députés / Flickr

Am grousse Ganze kann een hei frech behaapten, datt de Premier kee „Standbild“ erkläert, mee eng Visioun beschriwwen huet. Et goung ëmmer dat wat komme soll, a wuel och komme muss, woubäi de roude Fuedem vun der Ried sech an enger Ausso resuméiere léist: „Mir maachen haut d‘Politik vu muer an entscheede wéi d‘Zukunft vun den nächste Generatioune wäert ausgesinn“. Krass…

Wat eis erwaart

Wenne mir eis also der Zukunft zou a beliichten d‘Annoncen: Beim Klima muss besser a vill méi effizient fortgeschratt ginn, firwat och déi legilsatif texter op hir „Nohaltegkeet“ sollen iwwerpréift a falls néideg ugepasst ginn. Et gëtt ee Klima-Biergerbüro (am Sënn vum Guichet Unique) ugepeilt an d‘Reese vun de Beamte sollen ab CO²-kompenséiert ginn. An déi vun de Ministeren? Eventuell?

Well mir eis an der sanitärer Kris wirtschaftlech gutt gehalen hunn (mir hunn eisen Tripple-A bei den amerikanesche Ratingsagence verdeedegt) an d‘Relance sech villverspriechend duerstellt, ass keen Austeritéitsplang virgesinn, och eng Steiererhéijung gouf däitlech ausgeschloss. Un den Investitioune soll folgerichteg och festgehale ginn. Och an dat soziaalt, wäert weider Geld fléissen.

Beim Logement soll et besser ginn, hei mussen elo d‘Jalone géint d‘Spekulatioune gesat ginn, wéi et och soll zu enger besser Kontroll vun de Loyere kommen. D‘Reform vun der Grondsteier soll bannent den nächsten 12 Méint mat engem Gesetz duerchgesat ginn. Am Enseignement soll net nëmmen d‘Hausaufgabenhëllef gratis ginn, och op déi véier éischt Jore Museksschoul trëfft et zou.

Chamber
© Chambre des Députés / Flickr

De Premier well Fore fir d‘Elteren an alle Bezierker ariichten. Déi hunn zum Zweck d‘Elteren ze informéieren an ze beroden. Ab der Rentrée 2022/23 soll och de Besuch vun der Maison Relais der Gratuitéi9t zougefouert ginn. (Wochendaags tëscht 7 an 19 Auer). Och bei der Sécherheet soll nees alles besser ginn. Dofir mussen awer weider Polizisten an zivil Agente bis 2023 rekrutéiert ginn.

Well een déi privat Bedreiwer vun Alters- a Fleegeheemer net zwénge kann aus eegene Mëttel nei Better zur Verfügung ze stellen, gëtt et en Invest an Héicht vu 600 Millioune vum Familljeministère an et gëtt versprach, eng besser Transparenz bei den Tariffer vun den diverse Gestionnairen erbäizeféieren. Do dierft ee bei der COPAS, eppes Suergen hunn, mee d‘Milliounen si Wëllkomm.

Déi nächst Steierreform (déi eigentlech längst misst aktéiert sinn) kënnt bestëmmt, an et soll keen dobäi benodeelegt ginn. Dat gleewe mir gären, verloossen eis do awer léiwer op d‘Gewerkschaften an de Konsumenteschutz, déi eng gréisser Expertise hunn. Woubäi wéinst der Pandemie konnt jo net un dësem Dossier geschafft ginn. Egal, haut gëtt et emol fir unzefänken nach den Debat…

Foto: © Chambre des Députés / Flickr

Related topics Chamber, Ried zur Lag vun der Natioun, Staatsminister, Xavier Bettel
Next post Previous post