Search

You may also like

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg
Neiegkeeten

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

money
No Koalitiounssommet: Italien weist Geld vum ESM zréck
Neiegkeeten

No Koalitiounssommet: Italien weist Geld vum ESM zréck

Italien, dat Land dat sech mat anere fir d‘Opsetze vun

LAKU – Landwirtschaft a Waasserschutz vereenen, an dat ouni wirtschaftlech Nodeeler

LAKU – Landwirtschaft a Waasserschutz vereenen, an dat ouni wirtschaftlech Nodeeler

En Dënschdeg hu sech d’Memberen vun der Landwirtschaftlecher Kooperatioun Uewersauer (LAKU), zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider fir hir Generalversammlung zu Béiwen versammelt, an dobäi e Bilan vum leschte Joer gezunn, op den aktuelle Stand gekuckt an d’Zukunftspläng geäussert. Zesumme mat de Baueren aus der Regioun solle Moossname fonnt an ëmgesat ginn, déi zum Waasserschutz vum Stauséi bäidroen, an dat ouni wirtschaftlech Nodeeler fir d’Acteure mat sech ze bréngen.

An de leschte Joren kruten d’Kooperatiouns-Memberen d’Geleeënheet gebueden innovativ Maschinnen an Technike zur Verfügung gestallt ze kréien, an esou de prakteschen Ëmgang mam modernen Equipement ze léieren. Heizou gehéieren ënnert anerem déi verschidde Méiglechkeeten zur mechanescher Onkrautbekämpfung.

LAKU
© Caroline Martin

Mam Bezuch op de Waasserschutz goufen dann och divers Konferenzen organiséiert, Excursiounen ënnerholl a Sensibiliséierungsaarbecht geleescht. Domat konnt beispillsweis eng kontinuéierlech Opkalkung vun de landwirtschaftlech genotzte Flächen erziilt ginn, wat d’Stabiliséierung vum Buedem an eng besser Verfügbarkeet vun Nierstoffer garantéiert.

E Réckschlag hat am vergaangene Summer de LAKU-Virstand erlieft. Dëse besteet aus jeeweils zwee Vertrieder vum Naturpark Öewersauer an der SEBES, sou wéi véier landwirtschaftlechen Acteuren. Nodeems déi véier Baueren gemeinsam zeréckgetruede sinn, konnt een elo nei Verstäerkung fannen. Verroden gouf schonn, datt elo de Lucien Clesse, de Marco Koeune an de Christian Origer am Virstand sinn.

A punkto Moossnamen ass viru kuerzem d’Subventioun vun den Anlage fir de Pneuendrock ze regléieren bäikomm. D’Gewiicht vun de Maschinne muss nämlech richteg verdeelt sinn. E verdichte Buedem üübt sech kontraproduktiv op d’Moossname vum Waasserschutz aus.

LAKU
© Guy Krier

Ma, aktuell gëtt och nach d’Befroung vun de Membere vum Wanter 2020/2021 ausgewäert an dorausser geziilt Upassunge fir 2022 erstallt. Ënnert anerem hunn d’Memberen dora gefuerdert, datt betribseege Moossnamen ënnerstëtzt solle ginn.

All wichteg Informatioune fënnt een iwwregens op der neier Internetsäit www.laku.lu an op der App gebueden. Hei gouf ënnert anerem eng Funktioun agebaut, déi dem Member eng Meldung gëtt, wann dësen seng Daten agëtt an dës op ee Verbuet oder Gebot vun den neie Waasserschutzzonen ronderëm den Stauséi treffen.

Opmaacherbild: © Caroline Martin

Related topics Béiwen, Carole Dieschbourg, Generalversammlung, LAKU, Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer, Naturpark Öewersauer, Romain Schneider, SEBES, Waasserschutz
Next post Previous post