Search

You may also like

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer
Kultur Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!
Kultur Neiegkeeten

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral

Vereenten Natiounen a Geldnout
Kultur Neiegkeeten

Vereenten Natiounen a Geldnout

An engem Communiqué huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bekannt gemaach,

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask

Et war ee Concert, dee fir Begeeschterung, Héngerhaut an och dat eent oder anert Grinse gesuergt huet. Och bei sengem Optrëtt an der Kierch Saint-Joseph zu Esch-Uelzecht wollt de Lambert, deen eng musikalesch Konschtfigur mat sardescher Stéiermask erschafen huet, net d’Geheimnis ëm seng Identitéit lëften, huet awer dofir säi ganzt Kënnen um Piano bewisen.

Den ënnert dem Kënschtlernumm Lambert bekannte Pianist a Komponist gouf zu Hamburg gebuer, huet sech duerno déi däitsch Haaptstad Berlin als Heemescht erausgesicht an ass weltwäit gefrot. Ee Gléck, dass och Lëtzebuerg sech u sengem Optrëtt erfreeën duerft. De Concert war natierlech ausverkaaft.

Lambert© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat vollem Kierperasaz a Léift zum Detail

Den Dekor an d’Akustik vun der Kierch hu bei dësem Concert, dee vun der Kulturfabrik organiséiert gouf, d’Kompositioune vum Museker einfach perfekt wierke gelooss. Wat douce mat enger aprägsamer Melodie gestart huet, duerft sech am Laf vun den eenzele Wierker ëmmer erëm zu engem dramateschen Stéck entwéckelen. Hu seng Fanger bis ee Mol d’Taste beréiert, koum et engem vir, wéi wann hie komplett an eng aner Welt reest.

Dobäi konnt et och emol virkommen, dass e beim Fligel stoung, reegelrecht mam Piano gespillt huet oder och bal drënner louch. Och Elementer aus dem Jazz hu sech reegelméisseg afonnt. Ma net nëmme seng Musek, mee och säin Humor si gutt beim Publikum ukomm.

Lambert© Shari Pleimelding/moien.lu

Esou beispillsweis d’Geschicht ronderëm säin Idol: Anescht wéi bei de Meeschte vun eis gëtt säin Held eréischt a 400 Joer gebuer, an zwar an engem franséische Wäigebitt. En heescht Jean-Luc, ass de beschte Space-Captain, drénkt gären Earl Grey a weist besonneschen Interessi fir d’Geschicht. A well de Lambert bis dohinner en Deel vun der Vergaangenheet wäert sinn, wier et méiglech, dass säin Idol sech mat him a senger Musek befaasse wäert.

Wann d’Hare bis wackelen

Iwwert dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg huet de Pianist sech enorm gefreet. Och fir hien ass et aktuell schwéier viru Publikum ze stoen, an ëmsou méi genéisst hien dann déi Concerten, déi stattfannen dierfen.

Mee wisou eigentlech déi speziell Mask? Wärend de Publikum d’Mask zum Schutz misst ubehalen, notzt de Lambert dësen Accessoire aus anere Grënn. Seng Mask kënnt aus engem klengen Duerf a Sardinien, a gëtt do normalerweis fir Karneval ugedoen.

Lambert© Shari Pleimelding/moien.lu

Duerch seng Nervositéit virun Optrëtter erméiglecht dës sardesch Stéiermask him eng gewëssen Anonymitéit, schenkt him Gréisst a Courage. Als Onbekannten, dee säi Gesiicht verstoppt, kéint hie méi fräi spillen an wier net mat deem Drock konfrontéiert, sech selwer representéieren ze mussen.

De Reiz um Mysteriéisen a seng frësch a modern Piano-Kompositiounen ginn ee stëmmegt Bild of. Mir géifen eis freeën, Wierker wéi „Stay In The Dark“ oder och „The Dance“ an Zukunft nees live ze lauschteren, an dann hoffentlech ouni Mask – also de Publikum, versteet sech.

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Esch-Uelzecht, Kierch Saint-Joseph, Kulturfabrik, Lambert, Piano-COncert, sardesch Stéiermask, Stay In The Dark, The Dance
Next post Previous post