Search

You may also like

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?
Neiegkeeten

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei

IRHA: Een Treffen zum 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau
Neiegkeeten

IRHA: Een Treffen zum 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau

Am Kader vum 75. Joresdag zum Enn vum Zweete Weltkrich

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad
Neiegkeeten

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad

Zu Bamako huet um Méindeg d’Cheffin vun der europäescher Diplomatie,

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Op der Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, deen och Member vun der USILL (Union des Synidcats d‘Interêts Locaux de la Ville de Luxembourg) ass, konnt en den Androck kréien, datt déi eenzeg Plaz déi um Lampertsbierg „liewenswäert“ ass, de Niklos-Kierfecht wier.

Ganz esou schlëmm ass wuel net, mee de Wunnquartier huet schwéier gelidden, an d‘Léisunge loossen op sech waarden. Verständlech, datt op der Generalversammlung och de Bilan vun de Revendicatioune gemaach ginn ass. E Bilan aus deem ervirgeet, datt sech e bësschen eppes gedoen huet, villes awer nach am Uerge läit.

Elo war dat vergaangent Joer gepräägt duerch d‘Gemengewahlen. Hei konnt de Lampertsbierger Syndikat begréissen, datt vill Fuerderungen an de Wahlprogrammer opgegraff goufen, an ëmsou méi war een no de Walen op d‘Erklärung vum neie Schäfferot gespaant. Déi konnt sech net spezifesch op e Quartier bezéien, mee et hätt een alles genee gelies a gutt Usätz erkannt.

Mobilitéit

De Syndikat leet grousse Wäert op déi sougenannten douce Mobilitéit, déi fir e Quartier deen esou no um Stadzentrum geleeën ass, en héije Stellewäert huet. An hei gëtt dann och bedauert, datt et fir mam Vëlo an d‘Stad ze fueren, weder eng vernënfteg Vëlospiste gëtt, nach en Trajet deen een als „sécher“ kéint bezeechnen. Et dierf en roueg vum „Parcours du Combattant“ schwätzen.

Schold dorunner ass zu gudder lescht den Trafic. Well de Kierchbierg ganz schlecht ze erreeche wier, géifen d‘Leit (well se net duerch de Rollengergronn an iwwert d‘Place d‘Argent kommen) de Lampertsbierg als „Transitstreck“ benotzen. Hei geet et an de Spëtzestonnen net méi vijenzeg an net méi hannerzeg. E Problem deen net eréischt duerch d‘Chantieren entstane wier.

Iwwerhaapt, an hei muss eng kleng Klamer opgemaach ginn, ass de President Romain Diederich mat sengem Comité eppes verwonnert, wéi een op déi verréckten Iddi komme kann, déi sëlleche Schantje gläichzäiteg an Ugrëff ze huelen. An domatter ass nach net emol den Tram gemengt. Tatsächlech ass et esou, datt et um Lampertsbierg kaum eng Strooss gëtt, an där kee Chantier ass.

Schoulen

No villen Diskussiounen a jorelaangem hin a hir, war endlech eng vun de Kärfuerderungen opgeholl an ugeholl ginn. D‘Ecole Française an de Lycée Vauban si geplënnert, wat dem Quartier vu ronn 2.000 Schüler entlaascht huet. Mee d‘Freed war vu kuerzer Dauer, an esou wéi d‘Raimlechkeete sollen zukünfteg genotzt ginn, muss mat Widderstand vum Syndikat gerechent ginn.

Elo soll eng Annexe vum Michel Lucius (LML) op de Lampertsbierg kommen (Ecole Fondamentale Anglophone). Do geet de Syndikat vun 800 bis 1.000 Schüler aus, an déi allermeeschten dovunner, géifen dann och mam Auto dohinner bruecht ginn. Also net nëmmen, datt een de Problem mat der Unzuel u Schüler déi e Quartier verdréit verschlechtert, nee et gëtt och méi Verkéier geschafe.

Kee gutt Gefill huet de Syndikat och beim LTC (Lycée Technique du Centre), dee jo soll op Gaasperech verluecht ginn. Hei wier rieds vum Joer 2025, an de President ass der Meenung, wann esou Zäitraim genannt ginn, bedeit et näischt anescht, wéi datt e sollt vertréischt ginn. Et muss een an dësem Kontext bedenken, datt d‘Waldorfschoul jo och sollt „matgoen“.

Wat ass mat de Kanner aus dem Quartier?

A wann et u Schoule fir d‘Kanner déi „vun auswäerts“ kommen net feelt, da stellt sech d‘Fro wéi et da mat deenen Etablissementer ausgesäit, déi fir d‘Kanner aus dem Quartier geduecht sinn. De Christophe Marinheiro stellt fest, datt d‘Schoul Tramsschapp elo schonn ze kleng ass, an et an der Batty Weber „grad emol esou duer geet“.

Hei gëtt drop higewise, datt all Joer véier Klassen am „Primär“ bäikommen, d‘Batty Weber awer nëmmen nach zwee Klassesäll iwwreg huet. Et bedauert een dann och, datt Colette Maart (DP) eng differenzéiert Siicht huet. Si wier wuel averstanen, datt de Quartier nach wäert wuessen, mee d‘Experten hätten alles gutt berechent, an et géif kee weider Besoin bestoen.

Zouversiichtlech ass de Syndikat, datt d‘Jugendhaus nach 2018 kënnt. Eng gutt Nouvelle déi dann duerch de Projet, Container déi um Sportsterrain vum LML opzestelle bal ënnergaange wier. Am PAG war wuel versprach ginn datt de Sportsterrain muss erhale ginn, mee huet vill Krämpes kascht, bis d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) hei am Sënn vum Syndikat intervenéiert ass.

Gréngflächen erhalen, Gréngfläche schafen

Fir d‘Danièle Elvinger, ass et och eng Schan wéi um Lampertsbierg mat de Gréngflächen ëmgaange gëtt. An de leschte Joren si méi Gréngfläche verluer gaange wéi der bäikomm sinn, an d‘Situatioun vum Neumans Park ass katastrophal. De „Plan d‘Eau“ gëtt vun den Awunner nach beschtefalls als „Piffkaul“ bezeechent an och soss wieren hei Ënnerhaltsaarbechten dréngend noutwenneg.

Et wier emol rieds gaangen d‘Gréngflächen ze vernetzen (Kontext: Liewensqualitéit), enge Tramm ze schafen. Wou ass déi, wéini kënnt se, wat soll ee sech dorënner virstellen? Näischt Genaues weess een net, muss een Äntwerten, an och de Maurice Bauer (CSV) Vizepresident vum Syndikat a Conseiller am Stater Gemengerot, hat hei keng Äntwert parat.

An dann ass do och nach d‘Place Laurent géinteniwwer der Victor Hugo Hal. Déi misst zwéngend perenniséiert ginn, an och de „Glacis-Maart“ géifen déi Lampertsbierger gären definitiv hei installéieren. Besser wéi op der Parkplaz um Glacis wier et jo, an och d‘Maartleit schénge gefalen um Gedanken ze fannen. Iwwerhaapt géif een d‘Place Laurent méi notze wëllen.

Hei kéinte Fester (Fête des Voisins) stattfannen, kleng kulturell Evenementer organiséiert ginn a villes méi. Dofir gëtt gefuerdert, datt de Parking vun der Victor Hugo Hal soll ënnert de Buedem verluecht ginn, an den esou geschaaften Haff, mat der Place Laurent soll verbonne ginn. Eng Iddi déi de Quartier Lampertsbierg am ganze géif revaloriséieren.

E klenge Fazit

Dat eleite sinn awer d‘Fuerderungen nach bei wäitem net all. D‘Lescht ass esou laang, do kann et engem, wann een net Lampertsbierger ass, dronke ginn. Ech hat d‘Gefill, datt d‘Problemer vun der Stad Esch Uelzecht méi liicht ze léise sinn. Mee et muss ee just op de Lampertsbierg kucke goen, fir mat eegenen Aen ze gesi wou de Schong dréckt.

Gutt, villes ass an Aarbecht a Muenches léisst sech net esou am Handëmdréie realiséieren. Mee dat wëssen och déi Responsabel vum Syndikat. Hinne stéisst et erop, datt villes verschleeft gëtt, a Provisoresches fir d‘Éiwegkeet gebaut schéngt. Vum neie Schäfferot erwaart ee sech och verständlecher weis ganz vill, an si maachen net den Androck wëlles ze hunn nozeginn.

Dat ass am Sënn vun den Awunner déi si representéieren. An awer mussen se gedëlleg sinn, och déi aner Quartieren hunn ähnlech Fuerderungen. Dozou muss gesot sinn, dann eng Partie Fuerderungen net einfach esou vun der Stad ze erfëlle sinn, do huet d‘Regierung och e Wiertche matzeschwätzen. Mee et ass immens ze gesinn, wéi engagéiert de Lampertsbierger Syndikat ëm säi Quartier kämpft.

Foto: Waassertuerm um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg); gebaut 1902/1903 vum Antoine Luja // Vum: GilPe [CC BY-SA 4.0], from Wikimedia Commons

Related topics Chantieren, Lampertsbierger Syndikat, Lëtzebuerg Stad, Mobilitéit, Schoulen
Next post Previous post