Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!

Riserad, Zockerwatt an … Lämmy?! D’Moien Redaktioun huet um Wee

Peking am Clinch mat de Vereenten Natiounen
Neiegkeeten

Peking am Clinch mat de Vereenten Natiounen

Well d‘UN-Mënscherechtskommissärin Michelle Bachelet an der Zeitung „South China Morning

Polen: Lech Walesa och géint de Regime
Neiegkeeten

Polen: Lech Walesa och géint de Regime

De Lech Walesa – historesche Chef vun der polnescher Gewerkschaft

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten

Semi-Digitale Landeskongress vun de Piraten

Nach ass déi sanitär Kris net iwwerwonnen, firwat och d‘Pirate fir de Landeskongress 2021 op „Distanz“ gesat hunn. Hire Kongress gouf, bis op ee klenge Grupp am Distanciell ofgehalen. Et heescht datt vill Memberen an Interesséierter un dësem wichtege politeschen deelgeholl hunn.

Well 2023 Chamberwale sinn an een net soll „op muer verleeë wat een haut scho ka maachen“, goufen da schonn emol ee puer Jalone geluecht. De Coordinateur vun der Partei an Deputéierte Marc Goergen, huet um Kongress de Sven Clement als Spëtzekandidat fir d‘Chamberwale virgeschloen an d‘Militanten opgeruff, sech zu dëse Walen dann elo och Gedanken ze maachen.

Eng „Ekipp“ am Sënn vu Lëschte mat Spëtzekandidate fir all Bezierk géif nach net opgestallt, esou de Sven Clement, dee vum Kongress mat der Organisatioun vun der Campagne beoptraagt gouf. Et géif elo emol dorëms goen, sech mat de Wieler zu den Iddien an de Propose vun der Piratepartei ausenanerzesetzen. Hei gëtt jo allgemeng d‘Participatioun iwwert déi blann Zoustëmmung gesat.

Selbstverständlech war och d‘Covid19-Pandemie ee grousst Thema, an hei sinn déi ënnerschiddlech Moossnamen nach emol der Kritik ënnerzu ginn. De Roude Fuedem: déi onverständlech a leider net verständlech Gesetzestexter, déi libertizid Oplage fir d‘Gesellschaft an d‘Wirtschaft an den Ëmgang vun der Regierung mat der Oppositioun. Et heescht awer, datt d‘Vaccinen nei Perspektive bréngen.

Wat déi eege politesch Ausriichtung betrëfft, esou bleiwen sech d‘Piraten trei, woubäi de Logement eng méi däitlech Prioritéit zougestane kritt. Als weider Schwéierpunkte bleiwen: d‘Digitaliséierung (an hei natierlech den Dateschutz, d‘Uploadfilter an d‘Netzfräiheet); d‘Déierewuel, esou wéi den Ëmwelt- an Naturschutz. Et géif sech dann och iwwer méi Mataarbecht vu Jonke Mënsche freeën

Dofir sollten sech dës „jonk Mënschen“ awer och mat der Aarbecht, déi vun den zwee Deputéierten an der Chamber geleescht gëtt, ausenanersetzen. Wëll och wann et sech am Jargon „just“ ëm eng sougenannt politesch Sensibilitéit handelt, si kennen hire Dossieren a kréien zuweilen och eegen, fir d‘Land a seng Bierger wichteg Motiounen a Resolutiounen, an der Chamber duerchgesat.

Si, d‘Pirate stinn eegenen Aussoen no, fir eng konstruktiv-kritesch parlamentaresch Aarbecht, déi si an éischter Linn fir d‘Bierger, an net fir Lobbye mat besonneschen Interessen, oder de Placement vu Frënn op lukrativ Poste leeschten. D‘Pirate verwieren sech dëse politesche Gefällegkeeten, déi keng Krise léisen, dofir stänneg nei Skandaler ervirbréngen.

Foto: De Starsky Flor ass mat 95% vun de Stëmmen als Spriecher bestätegt ginn. D‘Marie-Paule Dondelinger (fréier PiD) gouf net méi erëmgewielt. Nieft dem Spriecher steet elo d‘Rebecca Lau, déi mat 88% och ee ganz erfreelecht Resultat virweise kann. © Piraten

Related topics Chamber, Landeskongress, Marc Goergen, Piraten, Piratepartei, Sven Clement, Walen 2023
Next post Previous post