Bauen, bauen an nach méi bauen

Unhand vun dräi Etüden konnt erausfonnt ginn, datt zu Lëtzebuerg ganzer 5.018 Hektar Landreserven zur Verfügung stinn, dovunner 64 % Wunnraum (3.750 Hektar). Domat kéinten an den 89 Gemengen, déi un den Analysen deelgeholl hunn, 142.000 Wunnunitéite fir iwwer 300.000 Persounen entstoen.

„D’Conclusioun vun dëser Analyse ass eendeiteg: Et ass net néideg d’Bauperimetere mussen net vergréissert ginn“, betount de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung. Ma, d’Politik ass natierlech bennzeg drop un dëse Wunnraum ze kommen a setzt dofir beispillsweis d’Grondsteier an a gëtt de Gemengen duerch de Pacte Logement 2.0 méi Afloss. Elo soll Drock gemaach ginn, fir d’Terrainen ze mobiliséieren.

Potential vum Wunnraum
Raum+ Tëschebericht zu de Landreserven zu Lëtzebuerg

Wien elo Angscht huet, datt un alle fräien Ecke just nach gebaut wäert ginn (sou wéi et deelweis schonn de Fall ass), dee sief berouegt: Et wéilt een natierlech d’Liewensqualitéit schützen.

Dofir wëll d’Politik d’Approche „Innen- vor Aussenentwicklung“ fërderen, wat da bedeit, datt als éischt emol an den Uertschaften d’Sputte fir Wunnraum genotzt ginn, amplaz un d’Grenze vun de Perimeteren ze goen. Esou kéint een ënnert anerem d’Liewenskäschten an d’Käschte vun der technescher Infrastruktur reduzéieren. Schliisslech fiert beispillsweis de Bus jo souwisou duerch d’Duerf.

Dës weidere soll d’Notze vun neie Biedem an Zerschneidung vu Landschaften limitéiert, d’Biodiversitéit a landwirtschaftlech Flächen geschützt, an d’Notzung vu Servicer an Infrastruktur verbessert ginn. Elo muss d’Analyse awer och mat Donnéeën vun den 13 anere Gemenge completéiert ginn.

Laut dem Observatoire de l’habitat sollen tëscht 2010 an 2020 d’Grondstéckspräisser ëm 7,9 % an d’Luucht gaangen sinn. Bis 2017 konnt een eng reegelméisseg Hausse beobachten, wärend vun 2019 op 2020 d’Präisser dunn ëm 16,9 % an d’Luucht geschoss sinn. Virun allem d’Terrainen ginn ëmmer méi deier, wat dozou féiert, datt och d’Logementspräisser mat ugepasst ginn.

Dernières nouvelles