Search

You may also like

Nei am Verlag Guy Binsfeld: „Le chesterfield du cinquième“
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: „Le chesterfield du cinquième“

A sengem neie Wierk „Le chesterfield du cinquième“ (Verlag Guy

Et brennt an allen Ecker
International Neiegkeeten

Et brennt an allen Ecker

Et ass een nach net um Wupp ukomm, wat d‘Covid19-Pandemie

Marvel’s The Defenders, erkläert
International Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders, erkläert

Den 18. August geet Marvel’s The Defenders op Netflix online.

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel

Gëschter huet mam Rot zur „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel déi éischt physesch Versammlung vun de Landwirtschaftsministeren, zënter dem Ufank vun der Pandemie, stattfonnt. Mat dobäi war och de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung. Däitschland hat de Virsëtz an esou huet d’Ministesch Julia Klöckner de Programm fir dat zweet Semester 2020 presentéiert. Et goung ëm Nohaltegkeet, d’Wuelergoe vun den Déieren an den Impakt vun der Pandemie op de landwirtschaftleche Maart.

Besonnesch d’Strategie „Vum Haff op den Dësch“ stoung am Virdergrond. Si ass Deel vum grénge Pakt vun Europa an huet als Zil, den europäesche Liewensmëttelsystem méi nohalteg ze gestalten. An dësem Kontext war et dem Romain Schneider wichteg nach emol d’Haaptfuerderungen opzezielen: De Subsidaritéitsprinzip an den Eegekapitalsystem vun de Memberen, sou wéi de Respekt vun den Eegenaarte vun nationale Baueren.

„Et gëtt keng eenzeg Léisung, mee national Strategien op Mooss. D’Recommandatioune mussen och d’Aktiounsplang an déi national Ziler, déi schonn existéieren a sech bewisen hunn, berécksiichtegen“, sou de Minister Schneider. Zu Lëtzebuerg misst een esou eng Landwirtschaft mat dauerhafter Beweedung respektéieren.

Ma, et misst een d’Norme vun der europäescher Nohaltegkeet och op den Import bezéie, fir datt zukünfteg kommerziell Accorden vun der Unioun koherent mat de Prioritéiten a Moossname vun der Strategie sinn.

Am Kader vun der Reform vun der Gemeinsamen Agrarpolitik (GAP) huet de Minister d’Ambitiounen um Niveau vun der Ëmwelt an dem Klima vu Lëtzebuerg ënnerstrach. Trotzdeem misst ee sech och hei nach méi hin un den Haaptfuerderungen orientéieren. Wann et ëm ekologesch Programmer geet, da wieren d’Moossnamen an d’Engagementer vun de Bauere méi effikass, wann et dorëm geet och Ëmwelt- a Klimaziler z’erreechen.

Bréissel

(v.l.n.r.) Julia Klöckner, däitsch Ministesch fir Ernierung a Landwirtschaft; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © Le Conseil de l’Union européenne

Fir d’Qualitéit vun de Liewensmëttel an d’Wuelergoe vun den Déieren.

Eng grouss Fro hat déi däitsch Ministesch Julia Klöckner opgeworf: Wéi kann een Nohaltegkeet, d’Qualitéit vun den Nierwäerter an d’Wuelergoe vun den Déieren op eng Etikett bréngen, a gläichzäiteg der Approche vun „Vum Haff op den Dësch“ nogoen?

Heibäi huet de Romain Schneider et immens begréisst, datt een d’Wuelergoe vun den Déieren an d’Transportkonditioune verbessere wëll. Hien ass allerdéngs der Meenung, datt ze vill Etiketten sech kontraproduktiv auswierken, schlussendlech souguer der Transparenz schuede géifen. Zu Lëtzebuerg wéilt een just den Jungel aus Labelen vereinfachen an e rationale System aféieren.

Covid-19 an de Lëtzebuerger Secteur vun de Schwäin a Ranner

Zesummen hunn d’Ministeren den Impakt vun der Covid-19-Kris op de landwirtschaftleche Maart analyséieren. Am Groussherzogtum wier et virun allem de Secteur vun de Schwäin a Ranner, den Tourismus an d’Restauratioun déi schwéier getraff goufen. Et misst een elo de Verlaf ganz no matverfollegen an en Iwwerbléck iwwert den Ensembel vun den Evolutioune kréien.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Julia Klöckner, däitsch Ministesch fir Ernierung a Landwirtschaft © Le Conseil de l’Union européenne 

Related topics Bréissel, Covid-19, Etikett, From Farm to Table, Julia Klöckner, Landwirtschaftsminister, Liewensmettel, Nohaltegkeet, Pandemie, Qualitéit, Romain Schneider, vum Haff op den Dësch, Wuelergoe vun den Déieren
Next post Previous post