Search

You may also like

dislike
Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër
Neiegkeeten

Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër

D‘Enquête zum Bedruch, deen d‘Grondlag zu der Kontaminatioun vu Milliounen

money
Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert
Neiegkeeten

Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert

Lëtzebuerg hätt sech a punkto Krisemanagement gutt geschloen, esou emol

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen
Neiegkeeten

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal

Héichwaasser 2021: Schued fir d‘Landwirtschaft läit bei 1.650.000 €

Héichwaasser 2021: Schued fir d‘Landwirtschaft läit bei 1.650.000 €

Ëm 820 Hektar landwirtschaftlech Notzfläch si beim Héichwaasser vum 15. Juli beschiedegt ginn. De Schued an Héicht vun 1.650.000 € wier, sou de Romain Schneider, allerdéngs nach iwwerschaubar a schnell Hëllef fir betraffe Betriber an Aussiicht.

Ënnert de beschiedegte Flächen sinn och ëm 2,5 Hektar Terrain fir Geméisbau an 2 Hektar Wäibierger, huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung betount. Wéini genee finanziell Hëllef gebuede gëtt, konnt awer net gesot ginn.

En enttäuschend Joer

Bei der Bauere Koperativ BAKO SC zu Housen hu sech nieft dem Minister och Vertrieder vun der Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft (LSG), De Verband an der Klengbettener Millen zesummefonnt, fir iwwert d‘Recolte vun dësem Joer ze diskutéieren. Ma, duerch d‘Wiederkonditiounen si souwuel d‘Qualitéit, wéi och d‘Quantitéit vun de Kären net berauschend ausgefall.

Wéinst dem Reen huet Recolte ëmmer nees missen ënnerbrach ginn. Souguer an der éischter Septemberwoch konnt een dës Aktivitéit néierens am Land komplett ofgeschloss ginn.

D‘Bestänn wieren nach gutt aus dem Wanter komm, mee wéinst der laanger Keelt am Fréijoer ass et duerno just lues weider gaangen. Enn Juni waren d‘Erwaardungen nach héich, ma schliisslech war et ze kill an ze wéineg Sonn am Summer, datt een déi gewënschte Quantitéit a Qualitéit konnt kréien. D‘Kären hunn däitlech manner Gewiicht op d‘Wo bruecht an och de Raps konnt net esou vill Ueleg abréngen, wéi eigentlech gewinnt.

Eng logesch Konsequenz vun der schlechter Recolte si steigend Präisser. A genee dës Präisentwécklung wierkt sech negativ op d‘ Bauerebetriber mat Véi aus. Besonnesch Schwéngsbauere kommen duerch héich Fudderpräisser an niddrege Fleeschpräisser schlecht ewech.

E puer positiv Punkte ginn et awer

Wéi den Günther Mertes vu BAKO SC erkläert huet, konnte Spelz an Huewer iwwerzeegen. Hei konnt een eng gutt Qualitéit bäibehalen, wouduerch béid Produiten wuel zu ganz gudde Bedéngunge verkaaft kënne ginn.

Zënter dësem Joer droen den Haarde Weess a Spelz elo de Label „Produit du terroir – Lëtzebuerger Wees, Miel a Brout“. De Gerant Jean Müller muss allerdéngs zouginn, datt beim mëlle Weess e Verloscht vun ëm 10 % ze verzeechnen ass. Ma, dofir wieren awer Wanterweess a Spelz, trotz schwéierer Konditiounen ,zefriddestellend ausgefall.

Bei der Saatgutvermehrung vu Weess, Kar, Geescht an Huewer louch een ënnert dem laangjäregen Duerchschnëtt, sou de Steve Turmes vun der LSG. Et war relativ fiicht, wouduerch de Krankheetsdrock geklommen ass. Besonnesch d‘Recolte vu Leguminosen ware quasi eng total Katastroph. Ma, et sollt een trotzdeem net de Kapp an de Sand stiechen, a weiderhin déi lokal a regional Produktioun ënnerstëtzen.

Der Mais-Recolte sollten d’Baueren eigentlech freedeg entgéint kucke kënnen. Op de Versuchsfläche vun der ASTA konnt ee mat zwee Schnëtt an dësem Joer e méi héijen Ertrag verzeechnen, wéi am ganze leschte Joer. Bei de Grompere kann een zur Qualitéit nach net vill soen. DRecolte huet eréischt ugefaangen, d’Quantitéit stëmmt awer schonn emol.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau und ländlech Entwécklung; Liliane Conzemius, Bauere Koperativ BAKO ; Günter Mertes, Bauere Koperativ BAKO; Fernand Etgen, President Chambre des députés © Landwirtschaftsministère

Related topics BAKO SC, De Verband, Enttäuschung, Gromperen, Héichwaasser, Klengbettener Millen, Landwirtschaft, Leguminosen, Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft, Mais, Recolte, Romain Schneider, Schued
Next post Previous post