Search

You may also like

Op der Spëtzt vun der Welt: Mat engem Laachen a schwindelerreegender Héicht
Neiegkeeten

Op der Spëtzt vun der Welt: Mat engem Laachen a schwindelerreegender Héicht

Mat engem Clip vun 33 Sekonnen suergt Emirates fir Faszinatioun,

Weess du, wéi grouss d’Distanz tëscht dësen Uertschaften ass?
Neiegkeeten

Weess du, wéi grouss d’Distanz tëscht dësen Uertschaften ass?

[onionbuzz quiz-id=180][/onionbuzz] Wien d’Landkaart gutt kennt, deen huet hei keng

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen
Neiegkeeten

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

2020 soll et – esou war et och am Koalitiounsaccord

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung d’Resultater vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an dem Wäibau vum vergaangene Joer presentéiert. An dësem Kader sinn och d’Prognose fir d’Wirtschaftsjoer 2020 virgestallt ginn. Duerch d’Pandemie an déi dréche Summeren ginn d’Baueren mat enger Rei Erausfuerderunge konfrontéiert.

Komme mer als éischt emol zu enger Erklärung, wéi ee sech fir d’Berechnungen ugeluecht huet. Am Joer 2018 sinn d’Informatiounen vun 587 landwirtschaftleche Betriber ausgewäert ginn. Dës Zuelen sinn uschléissend op déi ronn 1.300 landwirtschaftlech Betriber (egal ob Haapt- oder Niewebetrib) erop gerechent ginn. Ma, d’Resultater ginn dann op Basis vum Uerdentleche Resultat (OE – Ordentliche Ergebnisse) duergestallt, woubäi heimat de berengegte Gewënn an den Erfolleg vum Betrib ervirgeet.

Esou koum eraus, datt dat duerchschnëttlecht OE vum Wirtschaftsjoer 2019 am Verglach zum Virjoer ëm 3,5% erofgaangen ass. Mat 60.200 € pro Betrib läit een awer iwwert dem Fënnefjoresduerchschnëtt, dee bei 47.700 € pro Betrib steet. Fir 2020 gëtt virausgesot, datt ee mat 59.300 € nees iwwert de genannten Duerchschnëtt komme wäert.

Wärenddeem läit dat landwirtschaftlecht Akommes vun enger net entlounter Aarbechtskraaft bei duerchschnëttlech ronn 39.000 €. Am Verglach dozou louch dat duerchschnëttlecht Akommes vun engem Lëtzebuerger Salarié 2018 bei 65.800 € brutto (de Medianwäert läit bei 49.500 €).

LandiwrtschaftErgebnisse des Testbetriebsnetzes 2019, Prognose 2020

Wéi de Minister erkläert, gouf d’Resultat virun allem duerch déi gutt Erzeugerpräisser an déi stabil Maartlag an der Mëllechwirtschaft, déi zënter dem Joer 2017 unhält, beaflosst. D’Mëllechproduktioun ass nämlech ee vun den Haapstandbeen vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft: 35% vun de landwirtschaftlechen Entreprisen sinn an der Betribsorientéierung vun de spezialiséierte Mëllechbetriber vertrueden an erwirtschafte gutt 60% vum gesamten theoretesche Produktiounswäert vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.

An dësem Kader ass de Romain Schneider immens frou, datt d’Mëllechproduktioun a gemëscht Entreprisen sech vun der Kris am Joer 2015 erholl hunn.

Besuergneserreegend Punkten

Am vergaangene Joer konnte Schwéngsbaueren duerch déi gutt Schluechtpräisser an der EU en iwwerduerchschnëttlech héicht Resultat erziilen. Ab dem zweete Quartal vun 2020 hu Pandemie-bedéngt vill Schluechthaiser missen zoumaachen an och déi Afrikanesch Schwéngspescht an Däitschland huet fir weideren Drock gesuergt. Am Verglach zum Virjoer musse sech d’Produzenten op eng Déifpräisphas vu -30% astellen.

Ma, bei de Rëndfleeschproduzente gesäit et net besser aus. Am Joer 2019 konnte si en OE vun duerchschnëttlech 21.200 € pro Entreprise erwirtschaften. Erkläre léisst sech dat duerch déi héich Infrastrukturkäschten an déi immens niddereg Ëmsätz.

LandwirtschaftErgebnisse des Testbetriebsnetzes 2019, Prognose 2020

E weidere Problem sinn déi héich Temperaturen am Summer an déi domat verbonnen Dréchenten. Fir déi drëtt Kéier um Stéck ass de Summer 2020 esou waarm an dréchen ausgefall, datt scho fir d’Joer 2020 e wesentlech méi héije Bedarf (+ 30%) u Fuddermëttelimporten prognostizéiert gouf. Dëse Problem wäert sech schliisslech och op d’Wirtschaftsjoer 2021 auswierken.

Immens Schwankungen jee no Orientéierung

D’Resultater weisen deemno extrem héich Schwankungen jee no Betribsorientéierung op. Dobäi kënnt, datt et och ënnerhalb vun den eenzelen Orientéierungen verschiddenst Wäerter ginn. Beispillsweis kommen déi 25% vun de beschte Mëllechbetriber op en OE pro net entlount Aarbechtskraaft vun 107.000 €, déi 25% vun de beschte Rëndfleeschproduzenten op 77.000 €.

An dësem Kader huet de Minister Schneider ënnerstrach, datt een am reegelméissegen Dialog mat de concernéierten Acteure steet, fir esou no konstruktive Léisungen ze sichen. Positiv ervirhiewen wollt hien awer, datt trotz der schwiereger Situatioun wärend der Coronakris d’Baueren hirer Aarbecht nogoe kënnen. Mam Covid-Konkunkturprogramm fir d’Landwirtschaft wëll ee mat engem Gesamtbudget vu 5 Milliounen Euro op hir wirtschaftlech Lag ze reagéieren.

Opmaacherbild: © Tomas Hertogh / Unsplash

Related topics Dréchent, Landwirtschaft, Mëllechsecteur, Ordentliche Ergebnisse, Pandemie, Romain Schneider, Schwéngsbaueren, Wirtschaftlech Resultater
Next post Previous post