Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 2)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus (Deel 2)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur
Neiegkeeten

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

Um 11. Februar huet sech d’Delegatioun vum OGBL, zesumme mam

Automobilsecteur: de PME gouf verlängert
Neiegkeeten

Automobilsecteur: de PME gouf verlängert

Datt et dem Automobilsecteur net gutt geet, léist sech un

Landwirtschaft a Wäibau: Domat wier d’Saisonsaarbecht garantéiert!

Landwirtschaft a Wäibau: Domat wier d’Saisonsaarbecht garantéiert!

Vun der Wäilies, iwwert d’Spargel-Stiechen, bis hin zur Recolte vun Äppel – ouni d’Saisonsaarbechter aus dem Ausland géif Lëtzebuerg domm do stoen. Dofir goufen elo all néideg Richtlinnen ausgeschafft, datt d’Baueren an d’Wënzer genuch Leit um Terrain hunn, déi eng Hand mat upaken.

Dobäi si virun allem d’Schnelltester en essentielle Bestanddeel vun der Demarche. Employeure kënnen hir saisonal Aarbechtskräfte wärend maximal 6 Wochen no hirer Arrivée zu Lëtzebuerg zwee Mol d’Woch gratis op Covid-19 teste loossen. Heivir muss e Formular bei der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA) oder beim Wäibauinstitut (IVV) ugefrot an op Rendez-vous ewechgeholl ginn.

Zousätzlech gëtt de Saisonsaarbechter geroden,s ech scho virun hirer Rees an der Heemecht testen ze loossen. Allerdéngs ginn dës Käschten net vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl.

Fir d’Leeder vun engem Betrib an hiert Personal mat Lëtzebuerger Identifikatiounsnummer gi Schnelltester fir den Eegebedarf an den nationale Verdeelerzentren zur Verfügung gestalt. Zousätzlech dozou kréie Wäistuffen, genee wéi och déi generell Gastronomie, Schnelltester fir hir Clienten bereetgestallt.

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ass houfreg op déi gutt Zesummenaarbecht tëscht sengem Ministère, dem Gesondheetsministère, der ASTA an dem Wäibauinstitut. An och dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft gëtt Merci gesot, datt si sech drëm gekëmmert hunn, datt d’Saisonsaarbechter ouni gréisser Problemer op Lëtzebuerg kënne kommen kënnen.

Dës weideren huet hien drop higewisen, datt et wichteg ass, eng Reserv vu 5.000 Schnelltester bereetgestallt ze hunn. Dës solle schnellstméiglech iwwert d’ASTA an den IVV un déi concernéiert Betriber verdeelt ginn. Schliisslech gëllt d’Saisonsaarbecht fir de Wäibau, den Uebst- a Gaardebau an déi generell Landwirtschaft als systemrelevant.

Weider Informatiounen zur Saisonsaarbecht, sou wéi d’Formular fir d’Aarbechter testen ze loossen, fannt Dir op agriculture.public.lu.

Opmaacherbild: © Lasseter Winery / unsplash

Related topics ASTA, Baueren, Bongert, Gesondheetsministère, Landwirtschaftsministère, Romain Schneider, Saisonsaarbechter, Schnelltester, Spargel-Stiechen, Wäibauinstitut, Wäilies, Wënzer
Next post Previous post