Search

You may also like

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit
International Neiegkeeten

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit

Um 13. Dezember 2020 wäert sech den AVL-Reseau an enger

D‘ALEBA kämpft fir en neie Kollektivvertrag
International Neiegkeeten

D‘ALEBA kämpft fir en neie Kollektivvertrag

2017 war keen einfacht Joer, esou d‘Siicht vun der Gewerkschaft

Kanada verschäerft säi Waffegesetz
International Neiegkeeten

Kanada verschäerft säi Waffegesetz

De Premierminister Justin Trudeau hat et am Wahlkampf ugekënnegt a

Hëllef fir Portugal: D’Luxembourg Air Rescue am Asaz géint Corona

Hëllef fir Portugal: D’Luxembourg Air Rescue am Asaz géint Corona

Duerch d’Pandemie ass a ville portugisesche Spideeler d’Situatioun immens kritesch. Dobäi kënnt, dass déi britesch Variant vum Coronavirus sech besonnesch schnell ausbreet. Opgrond vun dëser dramatescher Lag ass um Sonndeg Moien eng op Anästhesie a Reanimatioun spezialiséiert Noutdoktesch vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) a Portugal geschéckt ginn.

Zesumme mat enger diploméierter Intensivinfirmière a Formatrice aus dem Lycée Technique pour Professions de Santé (LTPS) huet si d’Rees a Richtung Lissabon ugetrueden, fir beim Kampf géint Covid-19 ze hëllefen. Aktuell schaffe béid Fraen op der staark belaaschteter Intensivstatioun vum Spidol „Espírito Santo d’Évora“ zu Alentejo.

„D’Kris huet eis op onbarmhäerzeg Weis virun Aen gefouert, dass mir de Kampf géint eng Pandemie just zesumme féieren a gewanne kënnen“, sou de René Closter, CEO a President vun der LAR. „Dofir ass et fir d’LAR mir hirer iwwer 30 järeger Erfarung an der grenziwwerschreidender Hëllef eng Selbstverstädnlechkeet, alles Méigleches ze maachen, fir de besonnesch betraffene Länner wéi Portugal ze hëllefen.“

D’Decisioun, fir Portugal Hëllef unzebidden, huet d’Luxembourg Air Rescue, zesumme mam Haut-Commissariat à la Protection nationale (HCPN), dem Staatsministère, dem Baussen- an Europaministère an dem Gesondheetsministère getraff.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Intensivinfirmière aus dem LTPS an d’Doktesch vun der LAR © Luxembourg Air Rescue (LAR)

Related topics Alentejo, Anästhesie, Coronavirus, Hëllefsasaz, LAR, Luxembourg Air Rescue, Noutdoktesch, Pandemie, Portugal, Reanimatioun
Next post Previous post