Search

You may also like

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
Neiegkeeten Stories

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert
Neiegkeeten Stories

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert

Wat fir deen een näischt Besonnesches ass, ka fir deen

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

LAR-Impfzenter um Findel

Organisatoresch schéngt et éischter gutt ze rullen, elo bréicht eigentlech nach just Impfstoff

Op gëschter Méindeg, ass um Findel an de hellegen Hale vun der „Luxembourg Air Rescue“ (LAR) dee fënneften Impfzenter am Land opgaangen. Domadder erhéicht sech d‘Impfkapassitéit op ronn 55.000 Mënsche pro Woch. Den Ament awer just theoretesch, well et bréicht och d‘Vaccinen.

Well dann och eppes ersiichtlech ass, datt et net nëmme mat der Livraisoun kéint besser lafen, mee et och – elo wou d‘Phas 5 vun der nationaler Impfstrategie ugelaf ass, also déi 55 bis 64 järeg sech och ustellen dierfen – bei de Kandidaten aus der Phas 3 (70 bis 74 Joer) sougenannt Retardatairen huet, muss d‘Impfung einfach besser a méi konsequent vermaart ginn. An dat wier eis Missioun?

Klengt mindestens esou interessant wéi d‘Usiicht, datt et duer geet de Mënschen Zougang zu enger hinne reservéierter Internetsäit ze ginn, wou si bis den 18. Abrëll sech umelle kënne fir een neie Rendez-vous ze kréien. Wie mam Internet net eens gëtt, dee kann och de 2476 5533 uruffen, a wann dann hei sollt ophiewen, kritt een erkläert op wéi eng Säit ee goe muss a wéi een dat ausfëllt.

Et ass erstaunlech, wéi Realitéitsfriem do gewëssen Entscheedungsträger musse sinn, wann si dach tatsächlech dovunner ausginn, datt déi wou sech net op d‘Invitatioun hi gemellt hunn, alleguerten Zougang zum Internet hunn. Zudeem brauch et op myGuichet iergendeppes vu LuxTrust, fir da kënnen op de Formulaire zouzegräifen. Nach esou eppes wat all Senior zënter laangem beherrscht.

Motivatioun by Marketing

Wann d‘Senioren un a fir sech éischter pro-Vaccin sinn, an esou de Mëssel mat hiren Aluedungen éischter den Ëmgang mat de Leit betrëfft, esou sinn déi méi „Jonk“ Senioren, scho gutt am Netz ënnerwee, a kréien do och vun Allem ze héieren. Déi zimmlech abstrus Kakophonie vu Politik a Pharmaindustrie, mécht et méiglech, de Leit topeg awer plausibel Fierz an de Kapp ze setzen.

Et brauch folgerichteg eng Campagne déi d‘Leit sensibiliséiert. Zudeem gehéiert et zum politesche Beruffsbild, sech mediewierksam ze presentéieren. An esou waren dann och de Premierminister an de Sozialminister (deen aus Grënn d‘Gesondheetsministesch kommissaresch ersetzt) gëschter bei der Ouverture vum LAR-Impfzenter um Findel present. Et war eng gutt a flott Ofwiesslung.

Am Kontext vun der Visite bei der Luxembourg Air Rescue, huet de Premier nach emol drop higewisen, datt wann et deemnächst zur Ouverture vum 6. Impfzenter (LuxExpo) kënnt d‘Land technesch betruecht, bis zu 95.000 Impfdosen an der Woch verschaffe kann. Géif dat geléngen, dann hätt een d‘Pandemie „impftechnesch“ bannen den nächste fofzéng Wochen iwwerstanen.

Wou bleiwen déi Dosen?

Wa sech déi vum Xavier Bettel genannten Zuel gutt unhéiert, esou huet hien awer direkt nogeluecht a betount, datt et sech och nëmmen dann opgeet, wann den Impfstoff disponibel ass. Datt hie sech dann och doriwwer Freed, datt déi éischt Livraisoune vu Janssen (Johnson & Johnson) dës Woch erwaart ginn, wuel verständlech. Deen huet jo den immense Virdeel, dat eng Dosis vëlleg duergeet.

Um Findel ginn d‘Vaccine vun AstraZeneca a Pfizer/Biontech verschoss, an ee vu béiden huet een eppes beschiedegte Ruff, deen och mat engem neien Numm net esou einfach ze retabléieren ass. An och den erwaarte Vaccin vu Janssen, steet elo am Verdacht Thrombosen/Bluttgerënsel auszeléisen, wat da verständlecherweis bei de Mënschen eppes Zweiwel opkomme léisst. Do muss ugesat ginn.

Ob et dann awer net besser wier, Medeziner an/oder Experten zu Wuert kommen ze loossen, an dat als Grondlag fir eng Sensibiliséierungscampagne ze notzen, statt déi journalistesch Kapassitéiten ze notzen, fir weise wéi gutt a proaktiv déi verschidde Phase vun der Impfstrategie duerchgeholl ginn? Net wierklech, well et mécht duerchaus Sënn d‘Freed ze gesinn, wann d‘Leit geimpft goufen.

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Impfstrategie, Findel, Impfcampagne, Impfzenter, LAR, Phas 5
Next post Previous post