Search

You may also like

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer
Neiegkeeten

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

Geriichtsprozess statt Integratioun
Neiegkeeten

Geriichtsprozess statt Integratioun

D‘Duerf Riace (Kalabrien) mat sengem Buergermeeschter war an der ganzer

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)
Neiegkeeten

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun

D’Lëtzebuerger Air Rescue hëlleft Däitschland mam Rettungshelikopter

D’Lëtzebuerger Air Rescue hëlleft Däitschland mam Rettungshelikopter

Nodeems et an Däitschland duerch déi zolidd Reemassen an domat verbonnen Iwwerschwemmungen zu katastrophenähnlechen Zoustänn komm ass, huet d’Lëtzebuerger Air Rescue (LAR) grenziwwerschreidend Hëllef ugebueden. Fir Sich- a Rettungsflich z’erméiglechen, stelle si e Rettungshelikopter zur Verfügung.

„Bei eis ass Loftrettung ouni Grenzen geliefte Realitéit“, ënnersträicht den LAR-President René Closter. „Et ass fir eis selbstverständlech an Noutsituatiounen och eisen Noperen ze hëllefen. Eis héichprofessionell forméiert Ekipp ass ëmmer asazbereet.“

Dës solidaresch Decisioun gouf zesumme mat der däitscher Ambassade an dem Lëtzebuerger Ausseministère getraff.

Related topics Däitschland, grenziwwerschreidend Hëllef, Héichwaasser, LAR, Luxembourg Air Rescue, René Closter, Rettungshelikopter
Next post Previous post