Search

You may also like

Dout vum legendäre Jazzmuseker Chick Corea
International Neiegkeeten Sport

Dout vum legendäre Jazzmuseker Chick Corea

Ob der Säit vum Chick Corea, huet de Marketingmanager Dan

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen
International Neiegkeeten Sport

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet
International Neiegkeeten Sport

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet

Well den Donald Trump der Usiicht ass, datt Online-Plattforme wéi

Wa sech d‘olympesch Spiller emanzipéieren

Zu Tokio geet fir d‘éischte Kéier an der Sportgeschicht, eng transgender Athletin un de Start

Wa sech d‘olympesch Spiller emanzipéieren

Den internationalen Olympesche Comité (IOC) ass an der Neizäit ukomm, woubäi ganz ouni Kritik an archaeschen Argumenter, geet de Fortschrëtt och am Sport net iwwert d‘Bühn. Wat ass geschitt, firwat huet et esouvill Opreegung?

Hubbard

Grond fir eppes Diskussioun bitt d‘Kausa vum Laurel Hubbard (43), enger Gewiichthiewerin aus Neiséiland. D‘Persoun ass als Mann gebuer ginn, huet virun aacht Joer eng geschlechtsugläichend Operatioun virhuele gelooss an trëtt zanterhier am Kompetitiounssport als Fra un. An dat dann och nach esou erfollegräich, datt den neiséilänneschen olympesche Comité, d‘Laurel op Tokio schéckt.

Domadder wier d‘Laurel Hubbard déi éischt Transgender-Sportlerin an den Annale vun Olympia. Wien hei direkt vu Bedruch an/oder Bevirdeelegung schwätz, deem sief gesot, datt et sganz streng Virgaben huet. Et dierf nach drun erënnert ginn, datt den IOC viru fënnef eng kloer Reegel fir den Testosteronwäert bei Fraen agefouert huet. Et huet Grenzwäerter, déi een als „Fra“ anhale muss.

Hubbard

Bei Transgender-Sportlerinnen, muss den Testosteronwäert wärend zwielef Méint ënnert engem festgeluechte Grenzwäert leien. Eng Regel déi iwwregens och dann ugewannt gëtt, wann déi betraffe Persoun nach keng geschlechtsugläichend Operatioun gemaach huet. Läit also de Wäert vum Testosteron an de Jalonen, kann u Wettkämpf mat Fraen deelgeholl ginn. Ass dach einfach…

Kritik zoulässeg?

Am Fall vum Laurel Hubbard jiddefalls, schéngt alles entspriechend dem IOC-Reegelwierk ze passen, firwat d‘Nominéierung fir eng Participatioun un den olympesche Spiller zu Tokio dann eigentlech keng Diskussioun sollt benéidegen. Eigentlech, well natierlech huet et nees Kregéiler, woubäi déi scho beméit sinn, keng frontal Attack géint d‘Transgender-Communautéit ze reiden.

Hubbard

Bannent der Communautéit vun de Gewiichthiewerinnen, méi prezis dem Block vun der Super-Schwéiergewiichtsklass, huet et Gegrommels. Hei gëtt d‘Nominéierung vum Laurel Hubbard fir d‘olympesch Spiller mat „als schlechte Witz“ nach éischter frëndlech ëmrass. D‘Dammen (also gemengt sinn déi Sportlerinnen déi als Fra gebuer goufen) sinn heivunner net esou iwwerzeegt.

D‘Kritiker argumentéieren: et wier ze befierchten, datt d‘Laurel Hubbard wéinst hirer „männlecher Vergaangenheet“ Virdeeler hätt. Och wann een den Testosteronwäert iwwerwaache géif, esou misst ee bedenken, datt d‘Laurel Hubbard hir Pubertéit als „Mann“ duerchgemaach huet, an datt Männer eng aner Knachen- a Muskelstruktur hunn, wier nu emol eng biologesch Evidenz. Abee merd alors!

Hubbard

Wéi eng Chancen hätt dann elo d‘Laurel Hubbard bei enger Deelnam un den olympesche Spiller? Ma bezunn op de rezente Palmarès, schéngen déi éischter optimal. D‘Laurel Hubbard gehéiert, wéi schon déi lescht zwee Joer, zu de beschten Athletinnen an hirer Sportaart a Gewiichtsklass. Et sollt ee sech hei allerdéngs op eng duerchaus gemëschte Berichterstattung zur Sportlerin astellen…

mat indymedia/chc/fuk

Illustratioun: © Victor Freitas / unsplash

Related topics Gewiichthiewen, Internationalen Olympesche Comité, IOC, Laurel Hubbard, Olympesch Spiller, Testosteron, Tokyo2020, Transgender
Next post Previous post