Search

You may also like

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Weltdag vum Buch: Merci William Shakespeare!
Neiegkeeten

Weltdag vum Buch: Merci William Shakespeare!

Den 23ten Abrëll gëtt de Weltdag vum Buch gefeiert. Den

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou
Neiegkeeten

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Et ass een neie schwéiere Schlag fir d’Notzer an d’Employéen:

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Bei der Entrevue vu gëschter, tëscht dem LCGB an dem Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), stoungen d‘Revendicatioune vun der Gewerkschaft am Virdergrond. Eng Prioritéit: d‘Organisatioun vun der Aarbechtszäit.

Fir de Christophe Knebeler, LCGB-Generalsekretär, war eng konstruktiv Entrevue. Zumindest geet dat aus dem Communiqué ervir, deen eis vun der Gewerkschaft zougedroe ginn ass. Am Kader vun dëser éischter Entrevue mam neie Minister, huet den LCGB seng Fuerderungen zur Organisatioun vun der Aarbechtszäit virgedroen. Fuerderungen déi sech an den aktualiséierte Kontext vum Aarbechtsmaart aglidderen, an den Erausfuerderunge vun enger digitaliséierter Welt gerecht ginn.

An déi chrëschtlech-sozial Gewerkschaft stellt fest: „d‘Gewënner vun der Produktivitéit déi duerch d‘Digitaliséierung erwirtschaft ginn, mussen zu enger Aarbechtszäitverkierzung bäidroen“. Den LCGB betount an dësem Kontext, datt si sech als Gewerkschaft wëllen dofir asetzen, datt am Kontext vun de Kollektivverträg, de Salarié d‘Wiel zougestane kritt, sech fir eng „linear Hausse“ vum Gehalt, oder eng „equivalent Reduzéierung vun der Aarbechtszäit“ kënnen ze entscheeden.

Et kann net jidderee gewannen…

Eng weider Fuerderung: d‘Flexibilitéit zugonschte vun de Salariéeën. Fir den LCGB geet et heibäi ëm näischt manner, wéi déi gesetzlech Reegelung vum Recht op Deelzäitaarbecht, mat engem verbréifte Recht nees op Vollzäitaarbecht zréckzegräifen. Eng Konzessioun géif den LCGB hei ubidden: dëst Recht soll fir all Salarié gëllen deen an enger Entreprise beschäftegt ass, déi op mannst 50 Mataarbechter huet. Woubäi eigentlech jidderee sollt déi selwecht Rechter hunn…

D‘Grënn fir des Fuerderung leien op der Hand. E Gesondheetsproblem an der Famill, d‘Erzéiung vun de Kanner, si Beispiller déi eng Deelzäitaarbecht rechtfäerdegen. Et soll dann och endlech am Aarbechtsrecht den „Zäitspuerkont“ agefouert ginn, esou wéi et noutwenneg wier, de Privatsecteur mam ëffentleche Secteur gläichzestellen. Wat de Privatsecteur betrëfft, esou geséich et den LCGB gären, wann d‘Organisatioun vun der Aarbechtszäit, sech iwwert d‘Cogestioun realiséiere géif.

En Aarbechtsrecht, an deem och misst festgehale ginn, datt de Salarié d‘Recht huet „ofzeschalten“, also fir de Patron oder de Virgesaten net erreechbar ze sinn. Dat gëllt och fir déi wou vun doheem aus schaffen (Homeoffice). Hei wier et wichteg d‘Konventiounen zum Télétravail unzepassen, fir se a Konformitéit mat der Sozialversécherung an der Besteierung (dat ass besonnesch fir Frontaliere wichteg) ze setzen. Och hei dierften d‘Virdeeler net eleng op der Patronatssäit verdeelt ginn.

Wann een eppes mécht muss et Kapp a Fouss hunn

Wat d‘Ännerunge beim legale Congé ugeet, esou begréisst de Christophe Knebeler, datt d‘Politik op eng vun den zentrale Fuerderunge vun der Gewerkschaft agaangen ass. Wou ee sech net eens ass, dat ass beim Mindestloun. Dee wier wuel eropgesat ginn, mee eng eescht gemengten Hausse hätt sech mat 136 Euro/Mount netto missen an der Paitut néierschloen. Dat hätt ee genee analyséiert, a sech op d‘Aarmutsgrenz bezunn, firwat d‘Initiativ vun der Regierung net zefriddestellend ass.

Beim neie Feierdag, deen op den 9. Mee geluecht gouf (Journée de l‘Europe) huet den LCGB drop opmierksam gemaach, datt eng Réi Problemer ugefouert goufen. Dorënner den Ausschloss vun enger automatescher Erhéijung vun de Congésdeeg déi an de Kollektivverträg festgehale ginn. An dat war et fir den Ufank. Esou wéi mir et verstanen hunn, dierft den Aarbechtsminister Dan Kersch nach eppes méi oft mam LCGB zesummesëtzen, well et nach emol ze vill Problemer gëtt.

Related topics Aarbechtsminister, Christophe Knebeler, Dan Kersch, LCGB
Next post Previous post