Search

You may also like

De Mike Pence bezichtegt Peking sech an d‘US-Politik anzemëschen
Neiegkeeten

De Mike Pence bezichtegt Peking sech an d‘US-Politik anzemëschen

Peking géif sech an d‘US-Politik amëschen, dat mam erkläerten Zil

Caritas aktivéiert seng Truppen
Neiegkeeten

Caritas aktivéiert seng Truppen

An dëse schwéieren Zäite verséchert d‘Caritas de Beneficiaire vun hire

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht
Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht

D’Wäisst Haus zu Washington DC ass de Muechtzentrum vun den

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!

Enn Februar huet den LCGB sech mam Minister fir sozial Sécherheet, dem Romain Schneider zesumme gesat, fir esou iwwert déi sozial Sécherheet am Koalitiounsprogramm ze diskutéieren. Bei dëser Geleeënheet huet d’Gewerkschaft eng Rei Fuerderunge gestallt fir ee bessere Schutz vun de kranke Salariéen, Verbesserungen a Saache Versécherung bei Krankheet oder Schwangerschaft, sou wéi d’Pensiounsversécherung ze garantéieren.

D’Ausweidung vum legalen Delai fir de Krankeschäin ass vun 52 op 78 Woche verlängert ginn, wat sécherlech eng Verbesserung fir d’Salariéen duerstellt, mee de grondsätzleche Problem net léist. Esou riskéiere schwéier erkrankte Leit no dësem legalen Zäitraum hiren Aarbechtskontrakt opgeléist ze kréien, wat d’Gewerkschaft als sozial Guillotine beschreift.

Aus dësem Grond verlaangt den LCGB d’Entfale vun dem legalen Delai fir d’Salairéen aus dem private Secteur. Dës Fuerderung ass grad elo nach méi wichteg ginn, wëll d’Gesetz verschidde finanziell Entschiedegunge fir déi Krank virgesäit: 78 Woche fir Salariéen an 52 Woche fir Independanten. Schlëmmer nach ass fir d’Gewerkschaft de Congé aus familiär Grënn, den op 52 Woche begrenzt ass. Dëst trëtt beispillsweis an, wann d’Kand un enger Krankheet oder spezielle Behënnerunge leit.

An dësem Kader huet d’Gewerkschaft awer och eng Klärung am Beräich vun de medezinesche Kontrollen an dem Aarbechtsdokter erënnert, fir esou den kontradiktoreschen Opfaassungen een Enn ze setzen. Wann ee Salarié vun der medezinescher Kontroll als aarbechtsfäeg erkläert gëtt, säin ale Posten awer, laut dem Aarbechtsdokter net méi unhuele kann, kritt weder een Akommes, nach eng Entschiedegung.

A Saachen Assurance Krankheet-Maternité besteet den LCGB op eng schnell Ëmsetzung vun de wichtege Remboursementer bei der dentaler Fleeg an der visueller Hëllef. Si wäerten och an Zukunft mat den Diskussiounen zu dësem Thema virufueren, bis schliisslech déi noutwenneg Mesuren zu Gonschte vun de Versécherten erauskommen, virun allem am Beräich vun der Preventioun.

Bei der Assurance vun der Pensioun iwwertrëfft den Niveau vun den Ausgabe momentan 4,5 Mol de Montant vun de Déngschtleeschtungen am Joer. Geet ee vun dëser Zuel aus, esou ass eng Verbesserung um Niveau vun der Pensioun net just ersiichtlech, mee et gëtt zu enger ëmmer méi grousser Noutwennegkeet, sou den LCGB. Nodeems elo den soziale Mindestloun ugepasst ginn ass fuerdert d’Gewerkschaft weider Adaptatioune bei der Pensioun, fir esou de Verloscht vun de Pensionéierten auszegläichen. An der Period vun 2012 bis 2017 läit de Betrag, den si verluer hunn, bei all Pensionéierten ongeféier bei engem aktuelle Brutto-Betrag vun engem Mount an der Pensioun.

An dësem Kontext fuerdert den LCGB och d’Ophiewe vum legalen Automatismus den d’Modulatioun vun der Upassung bei der Pensioun virgesäit, sou wéi d’Ewechfaalen vun der Bäihëllef um Enn vum Joer ab dem Moment wou d’Prime vun der purer Opdeelung (de Gläichgewiichtstaux tëscht Recetten an Ausgaben am Joer) de globale Cotisatiounstaux vu 24% iwwerschreit.

Zu gudder lescht fuerderen si d’Aféierung vun engem ergänzenden ëffentleche Pensiounssystem (2. Pilier), den et all Verséchertem erméiglecht, de Montant vun der Pensioun ze erhéijen am Fall wou et sollt néideg sinn. Och d’Studienzäit soll als kotiséiert Joren ugerechent ginn.

Related topics Krankeschäin, Krankheet, LCGB, Pensiounssystem, Romain Schneider, Salarié
Next post Previous post