Search

You may also like

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill am Kader vum Weltdag vum Buch

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Interview mam Petra Hammesfahr: „Den Duerchbroch hat ech mat enger Kuerzgeschicht am Playboy“
Neiegkeeten

Interview mam Petra Hammesfahr: „Den Duerchbroch hat ech mat enger Kuerzgeschicht am Playboy“

Nieft der Buchpresentatioun vum Petra Hammesfahr hirem Wierk „Das Mädchen

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land
Neiegkeeten

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land

De Sozialminister Romain Schneider (LSAP) huet an senger Äntwert op

Vill Froe wéineg Äntwerten

Iwwernam vu Saint Paul Lëtzebuerg SA a Regie.Lu duerch Mediahuis bereet dem LCGB Kappzerbrieches

Vill Froe wéineg Äntwerten

Datt de Bistum – also eigentlech d‘Lafayettee SA – seng Undeeler u Saint Paul Lëtzebuerg SA un d‘Hollänner vu Mediahuis NV ofgetrueden huet, sollt net heeschen, datt een net méi säin Afloss ka geltend maachen. Offiziell soll och alles beim ale bleiwen.

Mee et schéngt awer nach vill onbeäntwert Froen ze ginn. Esou haten déi Personaldelegéiert vu Saint Paul Lëtzebuerg SA a Regie.Lu um 1. Juli eng Entrevue mam LCGB-Generalsekretär, Francis Lommel, an der Gewerkschaftssekretärin Céline Conter. Bei dësem Treffen ass sech iwwert déi aktuell Situatioun an der Entreprise ënnerhale ginn.

Esou gouf bedauert, datt d‘Direktioun sech eppes vill Zäit mat der Kommunikatioun gelooss huet, firwat d‘Ausmooss vun de Konsequenzen, déi dës Transaktioun onweigerlech mat sech brénge wäert, nach ëmmer net ëmfänglech erkennbar. Et géif méi Froe wéi et Äntwerten huet, an eng ganz Rëtsch un ausstoenden Entscheedunge wiere beonrouegend.

Dat erliichtert d‘Aarbecht vun der Personaldelegatioun natierlech net, déi vun de Salariéeën zur Zukunft vun der Entreprise befrot ginn. Et wier awer wichteg, dat sech d‘Direktioun grad elo net dem Sozialdialog widdersetzt. Bei der Entrevue ass sech drop verstännegt ginn, datt esoubal wei den LCGB an d‘Delegatioune méi wëssen, d‘Personal entspriechend géif informéiert ginn.

Foto: © LCGB

Related topics LCGB, Luxemburger Wort, Mediahuis, Medien, regie.lu
Next post Previous post