Search

You may also like

money
Neies aus dem Automobilsecteur
Meenung Neiegkeeten

Neies aus dem Automobilsecteur

Hëlt ee sech de leschten Zuelen un, déi vu STATEC

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?
Meenung Neiegkeeten

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Nodeems bei der Chambersitzung vum 8. Januar dat neit Covid-Gesetz

Parkipelago: Artifiziell Inselen bidden Oas am Hafen vu Kopenhagen
Meenung Neiegkeeten

Parkipelago: Artifiziell Inselen bidden Oas am Hafen vu Kopenhagen

Esou sollen Natur an Entspanung zeréck an déi opgeschlossen dänesch

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Déi Europäesch Investitiounsbank wëll sech senger Crèche entleedegen an hält d‘Salariéeë fir blöd

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Zanter Januar ass gewosst, datt déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) muss a ganz schlechten Dicher stiechen, well obwuel déi hausintern Crèche esouwuel e Besoin wéi och eng Demande bis heihinner, zur gréisster Zefriddenheet vun de Mataarbechter, erfëllt huet, huet d‘Direktioun beschloss, sech vun dësem Service endgülteg an onwidderruffbar ze trennen. Ass kee Geld méi do?

Gutt um Geld feelt et der Direktioun vun der EIB natierlech net, dofir u Verstand a Wäitsiicht, wat elo bei enger europäescher Institutioun leider och keen Novum ass. Wann een emol dovunner kann ausgoen, datt d‘EIB-Mataarbechter sech wäerten anerwäerts orientéiert kréien, esou ass dat fir déi 44 Salariéeë vun der „Abeille“ eng ganz aner Affär. A wat d‘Direktioun vun deenen hält ass wéineg.

De Sozialplang, dat war wéi gesot gewosst, datt dee géif hei applizéiert ginn. LCGB (majoritär) an OGBL musse schmäerzhaft feststellen, datt och eng europäesch Institutioun, déi eigentlech sollt am Déngscht vun der Gesellschaft stoen, firwat et eigentlech richteg wier sozial Standarden an ee gefleegten Ëmgang mat aneren anzehalen, en aarmséilege Veräi vu kranken Egoisten ass.

Säitens de Gewerkschaften an der Personaldelegatioun ass alles versicht ginn, esou eppes wéi en Dialog hinzekréien, si hu Stonnen drop verwennt eng Léisung zum Erhalt vun den Aarbechtsplazen ze fannen. Hunn der Direktioun, dem Verwaltungsrot an esouguer dem Ombudsmann (jo esou eppes gënnt sech d‘EIB) Bréiwer iwwer Bréiwer geschriwwen. Och den direkten Dialog gouf gesicht.

Mee déi Mënsche wou si uschwätzen hu keng Kanner méi déi an eng Crèche missten, an och soss fillen déi sech éischter enger Elite zougehéiereg, déi d‘Salariat als noutwennegt Iwwel betruechten, datt ee méiglechst Zäitno sollt duerch digitaliséiert Systemer austauschen. An domadder ass net nëmmen d‘Personal vun der Kannerbetreiungsstruktur gemengt. Si sinn eppes iwwerhieflech…

Mat Gewerkschafte schwätzen? Da wuel léiwer de Schësser kréien… esou vehement gëtt sech all Gespréich verwiert. Mee et sollt een net esou streng sinn, an hirer 25 järeger Existenz huet d‘Chefetage vun der EIB senge Mataarbechter net de geréngste Respekt erwisen, och wann d‘Paie selwer där schlechtster keng sinn. An esou maach si dem Cliché vun herrschender Elite all Éier.

Als europäesch Institutioun mussen sech d‘Entscheedungsträger och keng Suerge maachen, datt si vun der Politik e Reproche gemaach kréien. Si stelle jo der Politik en Deel vum Goss zu Verfügung, dat dës brauch fir d‘Welt sozial méi gerecht a méi gréng ze maachen. Si sinn d‘Fettaen déi an der Britt uewe schwammen… Datt eng Damm CEO vun der EIB ass, mécht dat ganzt net besser.

Foto: D‘Barbara Balke, eng däitsch Madamm an ausgebilte Juristin, ass d‘Generaldirektesch an d‘General-Conseillère vun der europäescher Investitiounsbank. Dat si als Fra eigentlech den Zweck wéi och den Notze vun enger Crèche kenne sollt, misst een net musse betounen. Mee fir hir „Carrière“ gi längst net nëmme méi Männer iwwer Läichen. © EIB

Related topics Crèche L'Abeille, EIB, Europäesch Investitiounsbank, LCGB, OGBL, Sozialdialog, Sozialplang
Next post Previous post