Search

You may also like

Wéi kënne Mënsche geschützt ginn, déi op Plattforme schaffen?
Meenung Neiegkeeten

Wéi kënne Mënsche geschützt ginn, déi op Plattforme schaffen?

D’Europäesch Kommissioun huet eng éischt Phas ageleet: An enger Consultatioun

Anti-europäesch PiS-Politik dreift d‘Polen op d‘Strooss
Meenung Neiegkeeten

Anti-europäesch PiS-Politik dreift d‘Polen op d‘Strooss

Nieft Warschau hat de risege Protest géint déi majoritär vun

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
Meenung Neiegkeeten

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!

Den LCGB, Majoritéitsgewerkschaft am Lëtzebuerger Transportsecteur, ass beonrouegt iwwert déi aktuell Aarbechts- a Lounbedingungen.

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!

Als éischt emol äussert den LCGB seng Suergen iwwert déi steigen Zuel vun de Sträitfäll opgrond vun der net korrekter Bezuelung vun de Chauffeuren. Den LCGB bedauert, datt sech vill Entreprisen net un d’Bestëmmungen vum Branchekollektivvertrag oder d’Aarbechtsrecht halen a bewosst d’Employéen hisiichtlech de Stonnesäz, Aarbechtszäiten, Primmen an Iwwerstonnen benodeelegen.

Duerch d’Akrafttriede vun der Veruerdnung (EG) Nr. 883/2004 vum Europäesche Parlament zur Koordinéierung vun de Systemer vun der sozialer Sécherheet um 1. Mee 2020 gouf zudeem d’Dier an d’Paart fir weider Ongerechtegkeeten opgemaach.

En Employé, deen e wesentlechen Deel vu sengen Aktivitéiten (méi wéi 25 %) a sengem Wunnland ausüübt, ënnerläit de Rechtsvirschrëfte vu sengem Wunnland a muss och do sozialverséchert sinn. Verüübt den Employé manner wéi 25 % vu sengen Aktivitéiten a sengem Wunnsëtzland an ass en just bei enger eenzeger Entreprise beschäftegt, gëllen d’Rechtsvirschrëfte vum Land, an deem den Employeur säi Sëtz oder seng Néierloossung huet.

Dës gesetzlech Bestëmmung hunn e puer Entreprise genotzt, fir hir Chauffeuren ze zwéngen, eng Ännerung vum Aarbechtskontrakt ze ënnerzeechnen, fir datt d’Legislatur vun hirem Wunnsëtzland a soumat och den entspriechende Kollektivvertrag ugewannt gëtt, mam Zil, hir steierlech Verflichtungen zu Lëtzebuerg ze ëmgoen. Den LCGB kritiséiert dës Demarche, déi net just an inkorrekter Weis op d’Ëmgéiung vu Steierflichten ofzilt, mee och d’Lounbedéngunge vun de Chauffeuren erhieflech verschlechtert. Wann den Employé eng solch Ännerung, kéint sech seng Paie, wéinst de méi schlechte Lounbedingungen an den Nopeschlänner, ëm bal d’Halschent reduzéieren.

Säit der Covid-19 Gesondheetskris huet sech d’Situatioun am Transportsecteur opgrond vun der Hausse vum Transportvolume weider verschlechtert. Den LCGB misst dofir beim Groupement Transport am Kontext vun der Gesondheet a Sécherheet vun de Chauffeuren intervenéieren. Den LCGB bedauert, datt d’Employeure vill ze laang gebraucht hunn, fir déi fir d’Employéen esou wichteg Hygiènes- a Schutzmesuren ze ergräifen.

Fir dëse wärend der Kris als systemrelevant ugesinne Beräich, huet den LCGB zudeem e Geste vun der Unerkennung fir den Engagement vun de Chauffeure gefuerdert, déi e wesentleche Beitrag zur Oprechterhalung vum Wueren- a Liwwerfloss an de Groussherzogtum geleescht hunn. Den LCGB bedauert, datt de Groupement Transport ee Bonus trotzdeem net fir noutwenneg gehalen huet, mat der Begrënnung, datt et fir d’Entreprise vun der Branche aktuell onméiglech ass, d’Gewënnzon ze erreechen.

Den LCGB fuerdert de Verband ausdrécklech op, seng Verantwortung ze iwwerhuelen a sech fir déi gewëssenhaft Anhalung vum Aarbechtsrecht an dem Branchekollektivvertrag anzesetzen an d’Verdéngschter vun de Chauffeure wärend der Gesondheetskris unzëerkennen. Den LCGB setzt weiderhin säin Asaz zur Stäerkung a Klärung vu bestëmmte Punkten vum Branchekollektivvertrag fort, fir all ënnerschiddlech Ausleeungen ze ënnerbannen an en fair Unerkennung vum Beruff, dee vill Aschränkungen fir d’Employée mat sech bréngt, ze erreechen.

Matgedeelt vum LCGB

Related topics Aarbechtszäiten, Ëffentlechen Transport, essentielle Beruff, Groupement Transport, LCGB, Ongerechtegkeet, Paie, Pandemie, Primmen, Steierflicht, Transportsecteur, Unerkennung
Next post Previous post