Search

You may also like

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling
Kultur

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

Zanter Jore kann sech déi ungaresch Verwandtschaft bannent der grousser

De Minister Romain Schneider zur Schouluebst-Kritik vum MECO
Kultur

De Minister Romain Schneider zur Schouluebst-Kritik vum MECO

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Kultur

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

LCTO: Beléift a gäre gesinn

LCTO: Beléift a gäre gesinn

Fir d‘Rentrée huet sech den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) e Moment Zäit geholl an e Bléck op seng touristesch a kulturell Aktivitéite geworf. Sënn an Zweck heivunner: e Bilan ze maachen iwwert Frequentatioun tëscht Januar an August 2017.

Zuele sinn a bleiwe beandrockend, wéi um Beispill vun de Kasematten ze gesinn ass. Hei ass eng Zounam vun 5,17% géintiwwer dem Joer 2016 ze verzeechnen. Eng Popularitéit déi zanter 2013 unhält. Ganz positiv och de Fait, datt 2017 de Site scho Mëtt Februar sech fir de Public opgemaach huet.

Zuel vun de Féierunge si mat engem Plus vu (nëmmen) 0,11% géintiwwer 2016 stabil bliwwen. D‘Evolutioun bleift awer säit 2013 och hei ganz positiv. Tëscht dem 15. Juli an dem 3. September hunn dann och 10.617 Leit de Palais besicht. D‘Féierungen, déi op franséisch an op lëtzebuergesch gemaach goufen, haten hei immensen Zousproch.

Interpretatioun vun den Zuelen

Wann och insgesamt méi Touristen eis Haaptstad besichen, esou hëlt den direkte Kontakt dach awer of. Egal op elo de Büro um Knuedler oder bei de „Luxembourg-Jackets“ déi uechter d‘Stad dem Tourist gäre Ried an Äntwert stinn. Hei gëtt e Réckgang géintiwwer 2016 vu 14,35% festgestallt.

Eng Zuel, déi een awer relativiséiere muss. Am Accueil um Knuedler, dee fir sech 84,34% vun den direkte Kontakter beusprocht, läit d‘Baisse bei grad emol 2,34% géintiwwer dem Virjoer. Als eenzege Büro an der Stad deen och siwen Deeg an der Woch op huet bleift et fir den Tourist, mee och fir de Resident, déi zentral Ulafstell.

An der Saison, kommen dann och iwwer 1.000 Leit den Dag an den Accueil vum LCTO. Dëse Summer huet et dann awer eng seriö Baisse bei de „Kontakter“ mat de mobillen Equippe ginn. Punktuell léisst se sech duerch de Succès vum Skyliner erklären. Doduerch datt déi Attraktioun bei der Gëlle Fra opgeriicht war, sinn d‘Busser mat den Touristen ëmgeleet ginn.

Den Afloss vun der digitaliséierter Informatioun

Eng weider Ursaach, déi fir e Réckgang vum „direkte“ Kontakt zum droe kënnt, ass de Fait, datt sech ëmmer méi Leit de moderne Medie bedéngen. Hei ass dann och ganz kloer de Virdeel vum fräien (gratis) Zougang zum WiFi, dee vun der Stad Lëtzebuerg flächendeckend ugebuede gëtt, ze ernimmen.

Dorausser zitt och den LCTO grouss Virdeeler. Mat enger gudder an dynamescher Kommunikatioun (mobil a viral) konnt den LCTO de Besuch vu senger Internetsäit ëm 42,92% eropdreiwen. Réckleefeg ass also nëmmen de „physesche“ Kontakt mam interesséierten Tourist. D‘Zuele vun den Touriste selwer si weider steigend, et si just d‘Gewunnechten déi sech am digitalen Zäitalter geännert hunn.

Kulturell Evenementer mat groussem Zousproch

Nieft den touristeschen Aktivitéiten, organiséiert den LCTO héichwäerteg an ganz populär kulturell Evenementer. Op elo „Concerts de Midi“ oder de ganz beléiften „Printemps Musical“ an der kaler Joreszäit, mee och déi sëllechen „open-air“ Veranstaltunge vum Fréijoer bis an den Hiecht, alleguerte sinn se erfollegräich.

Op éischter Klassesch mat „Klassik am Park“ oder dem „Kinnekswiss goes Pop“ (mam philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg), méi Zäitgenëssesch mat der „Plëss in Concert“, „MeYouZik“ an net ze vergiessen de „Rock um Knuedler“ bis hin zum „Blues‘n Jazz Rallye“; all déi musikalesch Evenementer sinn eng groussaarteg Visittekaart vir den LCTO an d‘Stad Lëtzebuerg. Doranner füügt sech dann och de Festival vun de Stroossekënschtler „Streeta(rt)nimatioun“ an, dee besonnesch fir d‘ganz Famill en onvergiesslecht Erliefnes ass.

Alles an allem also e kloren a positive Bilan fir den LCTO, deen esouwuel den Ufuerderungen un en dynameschen Tourismus entsprécht, wéi och dem Vertraue vu senge Partner, Sponsoren, Memberen an der Stad selwer, gerecht gëtt.

Foto: © LCTO

Related topics Kultur, LCTO, Lëtzebuerg Stad, Tourismus
Next post Previous post