Search

You may also like

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!
Neiegkeeten

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit
Neiegkeeten

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit

Wat der Däiwel huet den Dimitrios derzou gedriwwen, um Freideg

Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir Indien op
Neiegkeeten

Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir Indien op

D‘Kannernouthëllef Lëtzebuerg rifft zu Spende fir déi duerch Covid19 betraffe

Den LCTO ass nees fir Iech do!

Den LCTO ass nees fir Iech do!

No der Zäit vum Confinement kann de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) haut nees seng Dieren um Knuedler opmaachen. Esou ass aktuell den Accueil all Dag vun 10:00 bis 17:00 Auer fir d’Ëffentlechkeet op.

Den LCTO bitt de Clienten Broschüren, Deplianten a Pläng vun der Stad a physescher Form un. All Informatiounen zur Haaptstad ginn et awer och op luxembourg-city.com. Momentan gi keng Souveniren an aner Produiten un d’Touriste verkaaft, och de Guichet „Luxembourg Ticket“ bleift nach zou. All guidéiert Visitte si bis op Weideres annuléiert.

D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Mataarbechter an de Clienten sinn iewescht Prioritéit. Aus dësem Grond huet den LCTO folgend Mesuren ergraff:

  • Just ee Guichet ass fir de Public op;
  • Ee Maximum vun 3 Visiteuren ass bannen erlaabt;
  • Desinfektiounsmëttel fir d’Hänn steet an der Entrée;
  • Et gëllt Sens Unique, Entrée a Sortie si vunenee getrennt;
  • De Sécherheetsofstand vun 2 Meter gëtt um Buedem ugewisen;
  • De Guichet ass mat enger Plexiglasfënster equipéiert;
  • D’Mataarbechter hu Masken un;
  • Uewerflächen gi reegelméisseg desinfizéiert.

Och de Client muss sech un eng Rei Virgabe halen:

  • Denkt un de gesonde Mënscheverstand, Responsabilitéit a Solidaritéit;
  • Weist Verständnis a sidd kooperativ;
  • Respektéiert d’Hygiènes- a Sécherheetsmesuren vun der Lëtzebuerger Regierung;
  • Drot eng Mask.

D’Ekipp vum LCTO ass frou, seng Servicer nees ubidden an d’Visiteuren empfänken ze kënnen. Bei Froen zu Attraktiounen an der Haaptstad steet een Iech hei mat Hëllefsbereetschaft zur Säit.

Opmaacherfoto: © LCTO

Related topics Accueil, Confinement, Gesondheet, Hygiènesmesuren, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Sécherheet
Next post Previous post