Search

You may also like

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?
Neiegkeeten

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?

Enn November 2019 huet de Jean-Claude Juncker säi Mandat als

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff
Neiegkeeten

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff

De Kontakt-Tracing ass mat déi grouss Erausfuerderung fir d‘Gesondheetsinspektioun, an

Le Courage: Den eppes aneren Dageszenter

Mam soziale Bistro „Le Courage“ fanne vun der Gesellschaft ausgegrenzte Mënschen a Persounen, déi op der Strooss liewen, eng geschützte Plaz fir sech auszerouen. Vun enger Dusch, iwwert d’Wäsch vun der Kleedung, hin zu enger waarmer Moolzecht oder och Aktivitéite mat Gläichgesënnten, kënne Betraffener vun der sozialer Offer profitéieren. An déi gëllt och fir hir véierbeeneg Begleeder.

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg krut am Mee 2014 den Accord, e Gebai zu Bouneweg ze kafen., fir op dëser Plaz e soziale Projet anzeriichten. Am Januar 2015 gouf dunn dunn decidéiert, um Rez de Chaussée an am Keller (en Dageszentrum anzeriichten. Dofir gouf den 2. an 3. Stack miwweléiert ageriicht. D’Offer vun dëser sozialer Ariichtung ass haaptsächlech fir vun der Gesellschaft ausgegrenzte Mënschen, geduecht. Si sinn dacks vum Alkohol ofhängeg, an hunn doduerch keen Zougang zu anere Strukturen.

Ee Mount drop – am Februar – huet d’Stad bei der Caritas ugeklappt, et goung ëm d’Entwécklung vum Projet. Am Oktober 2015 war et schliisslech souwäit: Den Accord fir d’Gestioun gouf tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Caritas ënnerschriwwen.

Le Courage
© Caritas Lëtzebuerg / Ivana Larusson

Den Dageszentrum, deen “Le Courage” genannt gëtt, gouf am November 2016 ageweit. Zanterdeem plangt d’Stad d’Erweiderung, duerch d’Entwécklung vun enger Wunnstruktur an den ieweschte Stäck vum d’Gebai. Déi zwee Haiser leie beieneen – 13 a 15 Dernier sol zu Bouneweg.

Elo ass et méiglech, datt déi vun der Gesellschaft ausgegrenzte Mënschen, och an der Nuecht een Tëschestopp kënne maachen. De ganze Projet ëmfaasst ënnert anerem eng Stuff, e Büro fir d’Personal sou wéi eng Raschtplaz fir fënnef Persounen. Dës ass och zougänglech fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Den éischten an zweete Stack si mat Schlofsäll, sou wéi sanitäre Raimlechkeeten ausgestatt. Am Keller an um Späicher sinn technesch Installatiounen a Lagerraim.

Iwwert d’Nuecht kann den Zentrum, am Ganzen 20 Persounen ënner Daach kréien. Dësen Tëschestopp huet all Dag vun 22 bis 6 Auer op. Och Hënn ginn acceptéiert an d’Consommatioun vun Alkohol toleréiert.

Le Courage
© Caritas Lëtzebuerg / Ivana Larusson

Domat gëtt d’Offer u soziale Strukturen ergänzt – andeems en Zentrum fir schutzbedürfteg Mënsche geschaf gëtt, déi net a “klasseschen” Zentren ënnerkommen däerfen.

D’Zil vun der Stad Lëtzebuerg ass et, dëse Leit en Ënnerdaach unzebidden an op hier Grondbedierfnisser anzegoen: sech ausrouen, opwiermen, sanitär Ariichtungen notzen, iessen an drénken.

Weider Informatioune fannt Dir op www.caritas.lu.

Related topics Aktivitéit, Caritas, Dusch, Ënnerstëtzung, Le Courage, Sans-Abri, soziale Bistro, Wäsch
Next post Previous post