Search

You may also like

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung
Neiegkeeten

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung

Haut de Moien hunn d’Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP sech nees Damp

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
Neiegkeeten

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

Sri Lanka mécht et vir: Verbuet vun Import an Ubau vu Palmueleg
Neiegkeeten

Sri Lanka mécht et vir: Verbuet vun Import an Ubau vu Palmueleg

De schlechte Ruff vu Palmueleg ass bekannt, senger Produktioun an

Nohaltegkeet an d’Léift zu lokale Produiten: D’Klengbettener Millen engagéiert sech

Nohaltegkeet an d’Léift zu lokale Produiten: D’Klengbettener Millen engagéiert sech

Le Moulin – Dësen Numm steet fir eng lokal Produktioun, Nohaltegkeet an Zesummenhalt vun de Baueren aus der Regioun. „Mat eisen iwwerliwwerte Muelmethoden an eisem feste Wëllen, d’nohalteg Landwirtschaft aktiv ze ënnerstëtzen, setze mir alles dru fir eise Clientë qualitativ héichwäerteg an natierlech Nuddelen a Mielzorte voller Goût unzebidden“ erkläert den Direkter Jean Muller. Mam ESR-Label gëtt ëmsou méi de responsabele Charakter vun der Entreprise ënnerstrach.

Iwwert den nationalen Institut fir nohalteg Entwécklung an der sozialer Responsabilitéit fir Entreprisen (INDR) ass d’Klengbettener Millen a senger schonn existenter Philosophie gefërdert ginn an huet souwuel e gudde Féierungssystem, gutt sozial Aspekter an d’Facette vun der Ëmwelt am Bléck.

Eng gutt Relatioun zu de Kollaborateuren, de Fournisseuren an de Clienten ass fir d’Klengbettener Mille selbstverständlech. Wat hei kreéiert gëtt, muss sech positiv op d’Ëmwelt auswierken, wouduerch och de Programm „Produit du terroir“ an d’Liewe geruff ginn ass.

Schonn zënter 1704 versuergt d’Famill Muller d’Land mat Miel an Nuddelen. Dass een der Léift zum Produit, zur Natur an dem Client an all deene Joren trei bliwwen ass, kann ee beispillsweis un den Nuddele vu „Le Moulin“ gesinn, déi zu 100% aus Lëtzebuerger Weess sinn an am vergaangene Joer de Maart opgefrëscht hunn.

Méi zur Philosophie vun der Klengbettener Millen fannt Dir op mkmoulin.lu. All d’Produiten, passend Rezepter an Hannergrondinformatiounen zum Betrib kritt Dir op lemoulin1704.lu gebueden.

Related topics ESR-Label, INDR, Jean Muller, Klengbettener Millen, Le Moulin, lokal Produiten, Nohaltegkeet, Produit du terroir
Next post Previous post