Search

You may also like

Editorial: Keng Panik!
Neiegkeeten

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Hong Kong: De Protest hält sech
Neiegkeeten

Hong Kong: De Protest hält sech

Nom Protest vun engen zwou Milliounen Awunner vun Hong Kong,

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!

Ab e Méindeg, de 14. Juni an nach bis de 2. Juli leeft eng grouss solidaresch Aktioun, déi vun der Klengbettener Millen an d’Liewe geruff gouf. Bis den 22. Juni wäert all Lëtzebuerger Haushalt e Pak Spaghetti vu „Le Moulin“ a senger Bréifkëscht fanne kënnen. Ma, fir all Foto, déi vun dësem leckere Kaddo an de soziale Medie gedeelt gëtt, verflicht sech d’Klengbettener Millen, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz e Pak Nuddelen ze spenden.

D’Initiativ soll dobäi hëllefen, déi sozial Liewensmëttelgeschäfter vum Land ze ënnerstëtzen. E flotten Nieweneffekt dobäi ass natierlech, datt d’Ëffentlechkeet e bësse sensibiliséiert gëtt an en nationale Produit schmaache kann.

Elo wou d’Pandemie eist d’Liewen dominéiert, gëllt et net ze vergiessen, datt vill Leit nach ganz aner Problemer hunn an et fir si schwiereg ass, sech iwwer Waasser ze halen. Do hëlleft d’Rout Kräiz wou et nëmme kann – Mënsche mat gesondheetlechen Aschränkungen, Kanner a Jugendlecher, Affer vu Katastrophen an natierlech all Mënsch an enger schwéierer Situatioun.

Eng Nuddel fir de gudden Zweck

De Jean Muller, Gerant vun der Klengbettener Millen, seet dozou, datt mir mussen an der Lag sinn, gesond Liewensmëttel fir jiddereen zougänglech ze maachen. De Fokus soll op lokal produzéierten, sou wéi mat lokale Produiten hiergestallten Wuere leien, woumat gläichzäiteg och eis Landwirtschaft gefërdert gëtt.

D’Rout Kräiz ze ënnerstëtzen ass eng Approche déi der Millen um Häerz läit a mat enger Foto, sou wéi dem Hashtag #jesoutienslacroixrouge (op Instagram an/oder Facebook) kann een säin Deel dozou bäidroen.

Sozial Liewensmëttelgeschäfter sinn e wichtege Bestanddeel am Kampf géint d’Aarmut, jiddweree sollt d’Recht op ee gesond, ofwiesslungsräich Iessen hunn. Des weideren droen dës Geschäfter, déi a verschiddenen Deeler vun eisem Land sinn, och dozou bäi, datt géint Liewensmëttelverschwendung gekämpft gëtt.

All Interesséierte mat nidderegem Akommes kann sech weider Informatioune beim Office sociale vu senger Gemeng ufroen.

Related topics #echënnerstëtzendcroixrouge, Foto, gesond Liewensmëttel, Jean Muller, Klengbettener Millen, Le Moulin, lokal Produiten, Rout Kräiz, Solidar, Sozial Netzwierker, sozial schwaach Persounen, Spaghetti
Next post Previous post