Search

You may also like

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye
Neiegkeeten

Landesgeriicht Berlin verbitt d’Hetz vun AFD-Politiker géint Sea-eye

D’Landesgeriicht Berlin huet eng eenstweileg Verfügung géint den Georg Pazderski,

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?
Neiegkeeten

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?

[onionbuzz quiz-id=164][/onionbuzz] Hesper gehéiert zu deene gréisste Gemengen am Land,

Groussen Undrang op der 35. Ettelbrécker Foire Agricole
Neiegkeeten

Groussen Undrang op der 35. Ettelbrécker Foire Agricole

De ganze Weekend iwwer war zu Ettelbréck eng méi Lass,

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat

Während zwou an eng hallef Stonn stoungen sech gëschter Owend déi zwee Kandidate fir d’Amt vum franséische President géinteniwwer. Virausgräifend dierf een bestätegen datt den lénksliberalen Emmanuel Macron seng Favoritteroll ënnermauert huet. D’Diskussioun war dann och alles anescht wéi gemällegt, woubäi sech besonnesch d’Marine Le Pen duerch hier Aggressivitéit ervirgedoen huet.

Wien sech den Duell op der franséischer Tëlee oder bei Phoenix ugedoen huet, wäert festgestallt hunn, datt et haart hir gaangen ass. Eng onschéi Demonstratioun vu politeschem Debat, deen esou kee Mënsch brauch. Net seelen hunn d’Moderatoren d’Kontroll iwwert d’Kandidate verluer an datt ganzt war dann och fir de Public kee Pleséier.

Den Debat war awer an villen Hisiichten och opschlossräich. D’Kandidatin vum Front National ass voll op „Attacke“ gefuer an de Macron huet virun allem mat Konteren Punkte gewonnen. Esou eppes war dann och nach ni do. Op ee vernënftegen Austausch huet ee vergiewens gewaart an déi ugefouert Argumenter vum Marine Le Pen sinn gréisstendeels am entstanene Chaos ënnergaangen. Vëlleg talentfräi huet Si dann och bewisen, datt se net den „Niveau requis“ huet fir Frankräich zukünfteg ze leeden.

De berechtege Virworf un de Macron, bezüglech senger Roll an der Equipe vum François Hollande, an och de Fait, datt hien de Kandidat vum Patronat ass, huet sech mangels geméissechter Diskussiounsbereetschaft net duerch gesat.

Den Emmanuel Macron sengersäits huet roueg a gefaasst op d’Ausféierunge vun der Populistin geäntwert an ëmmer nees dorops higewisen, datt et eigentlech ëm d’Zukunft vum Land geet an net ëm perséinlech Empfindlechkeeten. Hie konnt dann och ouni gréisser Schwieregkeeten duerstellen, datt d’Marine Le Pen keng valabel Virschléi an den Debat anzebréngen hat. Dat ass dann och a ville Punkte richteg, besonnesch bei den Sujete Wirtschafts- a Finanzpolitik, wou d’Frontfra vum FN schlecht bis guer net virbereet war. Also klore Virdeel fir den deemolege Wirtschaftsminister.

Wien sech dann nach gefrot huet wéi d’Marine Le Pen mat Europa an dem Euro wëllt ëmgoen, huet zu gudder Lescht de Fuedem ganz verluer. Engersäits behaapt d’Kandidatin vu sech Europäerin ze sinn an Europa wëllen ze retten, anersäits wëll et genee dat Europa aus den Hänn vun der EU befreie, well senger Meenung no Bréissel derbäi wier, Europa dout ze schloen. Kee Wuert awer iwwer eventuell Modalitéite vun engem „Frexit“ oder vum Lassloosse vum Euro. Och do konnt dann den Emmanuel Macron nees Terrain gutt maache well et jidderengem ersiichtlech dierft sinn, datt eng Parallelwärung fir Frankräich déidlech wier an der Wettbewerbsfäegkeet net entgéint kënnt.

Eigentlech konnt sech d’Marine Le Pen just beim Thema „Terrorismus“ duerchsetzen. Dat allerdéngs mat alen a bekannte Fuerderungen: Déi verdächteg a kriminell Elementer erausgeheien, d’Grenzen zoumaachen an Frankräich senge Bierger zeréck ginn. Wéi eng nei Wieler se mat dësen Argumenter allerdéngs wollt erreechen ass awer net ersiichtlech.

Als Fazit bleift festzestellen datt de Macron den Duell kloer fir sech entscheet huet. Dat ënnermauert och eng Blëtzëmfro aus där ervirgeet dat fir 63% vun de Participanten den lénksliberale Kandidat iwwerzeegt hätt. Mee dat ass just eng Momentopnam an et gëllt och hei sech a Gedold ze faassen an op d’Resultater vun ee Sonndeg ze waarden. Erënnere mer eis just un d’Prognose betreffend de „Brexit“ an d’Presidentschaftswahl an Amerika.

Related topics Frankräich
Next post Previous post