Search

You may also like

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
International Neiegkeeten

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

money
“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent
International Neiegkeeten

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Wann s de eppes kanns!
International Neiegkeeten

Wann s de eppes kanns!

Gëschter huet – datt gouf aus gudde Grënn esou entscheet

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft

Am Kader vum informellen Treffe vun den Ëmweltministeren, huet d’Lëtzebuerger Ministesch Carole Dieschbourg um Echange vum Leaders Climate Summit deelgeholl. Dobäi goung et ëm d’Erneierunge vun den transatlantesche Verbindungen an ëm d’Fortschrëtter vu Lëtzebuerg an der Klimapolitik.

Dës Gespréicher hunn op Initiative vum US-President Joe Biden, an ënner dem Virsëtz vu sengem Sondergesandte John Kerry stattfonnt. Deelgeholl hunn Staats- a Regierungscheffen.

Transatlantesch Klimapartnerschaft

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet déi europäesch Positioun (déi si mat pilotéiert huet) wärend de Verhandlunge vum Paräisser Ofkomme begréisst. Dobäi huet si betount wéi wichteg et ass, d’Ambitioune vun der Internationaler Klimapolitik weider ze steigeren.

„Ech wëll de Vereenegte Staaten häerzlech dozou gratuléieren, datt si sech ënnert den éischte Verwaltungsmoossname vum President Biden fir de Bäitrëtt zum Paräisser Ofkommen entscheet hunn an en éiergäizegt Zil fir d’Reduzéierung vun Zäregasemissiounen an hirem Land festgeluecht hunn. Mir brauchen eng nei Dynamik am Kampf géint d’Klimakris. An dat um internationalen Niveau. Zur Zäit ginn déi festgeluechten national Bäiträg net duer. Fir weiderzekommen brauche mir ee staarkt Signal, dobäi zielen ech op déi transatlantesch Partnerschaft fir d’Klimapolitik“, sou d’Ministesch.

Leaders Climate Summit ass e wichtege Schratt fir am November 2021 zu Glasgow op der COP26, weltwäit een zefriddestellend Resultat ze erreechen, wat och de wëssenschaftlechen Recommandatiounen entsprécht.

Lëtzebuerg féiert an der internationaler Klimafinanzéierung

Ouni e richtege Wandel bei der Internationaler Finanzéierung ass esou en Resultat op der COP26 allerdéngs onwahrscheinlech. Fir de Moment leescht Lëtzebuerg de gréisste Bäitrag (pro Awunner) zur Klimafinanzéierung. An zesumme mat Schweden de gréisste Bäitrag (pro Awunner) zum Green Climate Fund. Dëst ass e weltwäit wichtegt Finanzinstrument mat méi wéi 8 Milliarden US-Dollar an 194 Länner, déi bedeelegt sinn.

Mee ëffentlech Investitioune wäerten net duergoe fir d’Dynamik vun der Internationaler Finanzéierung ze beschleunegen. Aus dësem Grond huet Lëtzebuerg a senger Strategie de Schwéierpunkt op d’Mobiliséierung vum Privatsecteur ënnert Notzung vun innovative Finanzéierungsmechanismen geluecht.

Am Dezember 2020 huet Lëtzebuerg dat éischt Klimagesetz gestëmmt. Dobäi huet d’Land sech verflicht, déi global Erwiermung am Verglach zum preindustriellen Zäitalter op 1,5 Celsius ze begrenzen.

Opmaacherbild: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Carole Dieschbourg, Climate Leaders Summit, CO2, Finanzinstrument, Green Climate Fund, Klimagesetz, Klimapolitik, transatlantesch Allianz, Zäregasemissiounen
Next post Previous post