Search

You may also like

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
Business Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Business Neiegkeeten Sport

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!
Business Neiegkeeten Sport

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!

Am Kader vun enger Pressekonferenz haut de Moien huet den

Lebron X Mbappé

Lebron X Mbappé

D‘Weeër vun der Nationaler Basketball Associatioun (NBA) an dem europäesche Fussball kräizen sech nëmme ganz seelen. De Lebron James an de Kylian Mbappé hunn sech eng ganz nei Kollaboratioun awer net huele gelooss.

Scho virun zwee Joer sollten d‘Welte vum Basketball an dem Fussball eng éischte kéier verschmëlzen. Jordan, eng ënner-Mark vum US-Amerikanesche Sportbekleedungskonzern Nike., huet bis ewell ëmmer nëmme Basketballspiller an hir Ekippen ausstafféiert. De franséische Serie-Meeschter PSG, sollt deem en Enn bereeden. D‘Paräisser ginn traditionell vu Nike ausstafféiert an dës Zesummenaarbecht huet zum Experiment PSF X Jordan gefouert. An de béide leschte Jore sinn déi Paräisser also sporadesch an engem elegant designten Alternativ-Trikot vu Jordan opgelaf. Den Trikot an déi derzougehéiereg Accessoire ware a sinn iwwregens nach ëmmer ee Renner.

Datt Nike sech no dësem Erfolleg beim Éischtversuch keng zweemol biede gelooss hunn, sollt et nach emol zu esou enger Chance kommen, war gewosst. De LA Lakers Superstar Lebron James an de Stiermer vum PSG, Kylian Mbappé, sollten dës Méiglechkeet erbäiféieren. Am Kontext vun der Kreatioun vun engem neie Schong fir de Lebron James, huet ee sech mam Kylian Mbappé drop verstännegt eng Kollaboratioun vu béide Sportler ze arrangéieren an de gläichen Design fir de Basketball an de Fussball ze produzéieren. Fir hir Aktioun unzekënnegen, hunn de Kylian Mbappé an de „King“ James hir Profilbiller op Instagram ausgetosch. Hei gesitt dir d‘Resultat vun hirer Zesummenaarbecht.

Illustratioun: © Jordan / Nike

vun: MENTAL.LU

Related topics Basketball, Fussball, Jordan, Kylian Mbappé, LA Lakers, Lebron James, Nike, PSG
Next post Previous post