Search

You may also like

geek
Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich
Kultur Neiegkeeten

Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich

De Messageriesdéngscht Snapchat huet deene Mënschen, déi als Unhänger vum

Russescht Geld fir britesch Politik
Kultur Neiegkeeten

Russescht Geld fir britesch Politik

Wéi et heest soll zu London der Regierung eng Bericht

200 Säite Reformproblemer
Kultur Neiegkeeten

200 Säite Reformproblemer

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron seng Pläng zur Reform

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den Dan Courte, Enseignant vu Miersch, huet sech ënnert dem Pseudonym LeDé Milestone am Business etabléiert an elo säin neien Album „Delta“ erausbruecht.

An dësem Kader huet de Museker eng erfollegräich Release Party am Lenox Club organiséiert an seng nei Wierker engem begeeschterte Publikum virgestallt. Den Album, sou wéi och fënnef Videosingles fënnt een op Youtube a Spotify. Eralauschtere gëllt!

D’Karriär huet scho frei gestart. Am Joer 2004 bréngt den LeDé Milestone seng éischt Single „Top Départ“ eraus. An dësen Titel ass Programm: de Museker spillt säitdem Gigs duerch de ganze Grand-Duché, wéi beispillsweis an der Rockhal, der Fête de la Musique oder am Conservatoire zu Lëtzebuerg.

Hien selwer seet iwwert säin Stil, datt e schwéier an eng Kategorie ze paken ass. Mat enger Mëschung aus Rap a Gesang, Afless aus dem modernen Dancehall a Reggeaton Beats a Lëtzebuergeschen Texter bréngt hien een neie Sound an de Grand-Duché.

Weider Informatiounen zum LeDé Milestone fannt dir op Facebook, Instagram, Youtube a Spotify.
Ee kuerze Virgeschmach kritt dir hei:

Related topics Album, Delta, Hip-Hop, LeDé Milestone, Musék, Rap
Next post Previous post