Search

You may also like

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn
International Neiegkeeten

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn

Matten am Verfall vun der tierkescher Lira huet den tierkesche

money
Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten
International Neiegkeeten

Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten

Den 19. Oktober war et nees esou wäit, kuerz iert

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer
International Neiegkeeten

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer

Lega-Chef zu Palermo ugeklot

Seng Migratiounspolitik bréngt den ex-Inneminister Matteo Salvini a juristesch Turbulenzen

Lega-Chef zu Palermo ugeklot

2019 hat dem deemolegen italieneschen Inneminister seng anti-Migratiounspolitik fir eppes Onmutt an Opreegung gesuergt. De President vun der faschistescher Lega Nord, hat sengerzäit säi ganzt politescht Gewiicht opgewannt, fir dem Schëff „Open Arms“ (ONG Proactiva Open Arms) d‘Ulafe vum Hafen zu Lampedusa ze verbidden.

Elo huet ee Riichter zu Palermo (Sizilien) beschloss de Prozess opzemaachen. Fir de Matteo Salvini ass dat alles – den Ament zumindest nach – eng grouss Show. Via Twitter huet deen an Italien, fir seng haart Virgoensweis beléifte rietsradikale Politiker verkënnt, datt hie mat erhuewenem Kapp an dëse Prozess goe wäert. Net ee vun de Virwërf kéint d‘Justiz oprechterhalen, esou d‘Meenung.

Woubäi et ass net grad näischt, wat de sizilianesche Riichter dem Matteo Salvini hei zum Virworf mécht. Et geet ëm net manner wéi Amtsmëssbrauch an Fräiheetsberaubung. Am August 2019 huet d‘Staatsanwaltschaft entgéint dem Uerder aus dem Inneministère ugeuerdent d‘Schëff an den Hafe vu Lampedusa alafen ze loossen. Géif de Riichter duerchkommen, dreeë bis zu 15 Joer Prisong.

Kee Stress

D‘Virwërf, esou de Lega-Chef, wieren net ze halen. Eng Strofdot géif net virleien, esou den 48 järege Faschist, deen a sengem Tweet op d‘Verfassung verweist. Do heescht et „D‘Verdeedegung vun der Heemecht ass eng helleg Flicht vum Bierger“. Dat huet esou och seng Affekotin Giulia Bongiorno nach emol ënnerstrach a verweist op de Fait, datt hire Mandant richteg entscheet hat.

Sizilien

Et ass scho richteg, datt de Matteo Salvini, als Inneminister ëmmer argumentéiert huet, voll a ganz am Interessi vun Italien ze agéieren. Déi Mëtt-riets Regierung vum Giuseppe Conte, huet awer och hirersäits ëmmer nees versicht Bréissel zu enger méi konkreter Ënnerstëtzung ze motivéieren. D‘EU huet (an dat trëfft net nëmmen op Italien zou) sech ëmmer aus der Verantwortung gestuel

Um Enn ass déi italienesch Regierung bei der Däiwel gefuer, de Matteo Salvini fir ee puer Méint op d‘Oppositiounsbänk vertässelt ginn, a mëttlerweil huet ee Bankmanager hien nees zum Minister ernannt. D‘Giulia Bongiorno weist nach drop hin, datt dem Riichter seng Decisioun keen Urteel ass, mee et an dësem Dossier elo emol an eng „nächst Phas“ geet. Et ass och net den eenzegen Dossier.

Wat nach opsteet

Am Kontext vun der Open Arms, geet et drëms ze klären, wéi eng „Verantwortung“ de Matteo Salvini iwwerhuele muss, fir d‘Rettungsschëff mat ronn 150 Flüchtlingen/Migranten u Bord wärend dräi Wochen um Mier „festgehalen“ ze hunn, fir esou vun der Europäescher Unioun eng „Hëllef“ an Iwwernam vun dëse Mënschen ze erzwéngen. D‘Unioun huet hirersäits op d‘Accorde verwisen.

Zu Catania steet de Prozess, am Fall vum Schëff vun der italienescher Küstewaach „Gregoretti“ an der Aktualitéit. Och an dësem Fall hat de Matteo Salvini uerder ginn, d‘Schëff mat de Migranten um oppene Mier festzehalen, bis eng Entscheedung zur Verdeelung/Opdeelung vun de Mënschen op europäeschen Niveau aktéiert war. De Staatsanwalt huet hei d‘Astellung vum Verfare gefuerdert.

mat indymedia/rom

Foto: Als Inneminister huet de President vun der Lega Nord widderholl Schëffer festgesat, déi mat aus Séinout gerett Mënschen en italieneschen Hafen am Mëttelmier ulafe wollten. Hien huet dës Decisioun domatter justifiéiert, datt d‘EU Italien bei Iwwernam an der Gestioun vun de Migrante géif eleng loossen. Ee Fakt dee sech net vun der Hand weise léisst. © Matteo Salvini

Related topics Amtsmëssbrauch, Fräiheetsberaubung, Italien, Justiz, Lampedusa, Lega Nord, Matteo Salvini, Migratiounspolitik, Palermo, Sizilien
Next post Previous post