Search

You may also like

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem
Neiegkeeten

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem

Datt sech d‘Covid19-Pandemie och an den Ausgabe vun der Sozialversécherung

Suizidpreventioun ass a bleift e wichtegt Thema!
Neiegkeeten

Suizidpreventioun ass a bleift e wichtegt Thema!

Den Zougang zu der psychiatrescher Versuergung ass schwéier – elo

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees
Neiegkeeten

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees

Zanter enger Rei Joren, ka sech d‘Direktioun an de Verwaltungsrot

Léierbouwe gesicht

D‘Handwierkerkummer riicht en Appell un d‘Jugend en Handwierksberuff ze léieren

Léierbouwe gesicht

An enger polariséierter Welt, wou de Beruff duerchaus och ee Statussymbol ass, gëtt d‘Handwierk – a virun allem d‘Carrièresméiglechkeeten an de Verdéngscht – oft staark ënnerschätzt. D‘Kanner gi vun doheem aus op „administrativ“ Carrière getrimmt, a solle méiglechst héich Studie maachen, fir et spéider „Besser“ ze hunn. Dobäi sinn d‘Zukunftsperspektiven am Handwierk éischter gutt.

Dat soll net heeschen, datt déi zukünfteg Generatiounen sech elo nach just sollten op d‘Handwierk konzentréieren, mee et wier sënnvoll sech säi Choix gutt ze iwwerleeën. Dat geet natierlech nëmmen dann, wann ee gutt informéiert ass. Esou Informatiounscampagne fannen eigentlech all Joer am Mäerz statt, wat jo dëst Joer duerch déi sanitär Kris eppes an den Hannergrond gerode war.

Eng vun de Folgen dovunner: vill Léierplaze sinn nach ëmmer onbesat. D‘Handwierkerkummer lancéiert dann elo een Appell un d‘Jugend, sech nach emol ëmzekucken an eng Léier ze envisagéieren. Och d‘Patrone sollten, schliisslech gëtt et vum Staat jo och eng kleng Primm, fir d‘Entreprisen, déi ausbilden. Vun de 788 Plazen déi disponibel sinn, konnten der 331 besat ginn.

D‘Handwierkerkummer weist dann och drop hinn, datt och wann de Mount September schonn zolidd ugerass ass, et net ze spéit ass, seng Demande fir eng Léierplaz ze maachen. Vill Patrone wiere bereet, esou den Tom Oberweis, President vun der Handwierkerkummer, Léierbouwe bei sech opzehuelen an hinnen eng Zukunft am Handwierk unzebidden. Et misst een et just ergräifen.

Et ass dann och vläicht emol gutt nees drun ze erënneren, datt d‘Handwierk längst net méi esou beschwéierlech ass, wéi nach virun eng Rei Joerzéngten an de Verdéngscht sech – et muss een natierlech Leeschtung bréngen – duerchaus weise léist. D‘Handwierk ass villfälteg, duerch den Asaz vun den neien Technologien duerchaus usprochsvoll a virun allem immens befriddegend.

Als Handwierker huet een um Enn vum Dag ëmmer eppes Opweises. Wien sech unzestrenge weess, sech eng Passioun un sengem Beruff entdeckt, brauch d‘Zukunft net ze fäerten. Gutt Leit ginn zum engen ëmmer gesicht an zum aneren entspriechend bezuelt. En Handwierk léieren ass also keng esou schlecht Iddi, wéi et gären duergestallt gëtt. Mee gutt et brauch Motivatioun an Interessi…

Illustratioun: © Quino Al / unsplash

Related topics Handwierk, Handwierkerkummer, Léier, Léierbouf, Léiermeedchen, Tom Oberweis
Next post Previous post