Search

You may also like

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden
Neiegkeeten

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

En huet gestraalt an keen Heel dorausser gemaach, datt hien

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus
Neiegkeeten

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt,

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile
Neiegkeeten

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn

Zeng Joer nom atomare Super-GAU a Japan, ass ee sech an Europa de Geforen nach ëmmer net bewosst

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn

No der Atomkatastroph vum 11. Mäerz 2011 zu Fukushima (Japan), hat déi europäesch Agence fir nuklear Sécherheet ENSREG, d‘Gestionnaire vun Atomkraaftwierker an der Unioun opgefuerdert, d‘Reaktioun vun hire Produktiounsstanduerter op Extremsituatiounen ze iwwerpréiwen. Et ass hei besonnesch drëms gaange Sécherheetsfunktiounen ze iwwerpréiwen a verbesseren.

An dësem Kontext huet Greenpeace eng Analys vun der däitscher Atomkraaft-Expertin Oda Becker zur Ëmsetzung vun dëse Moossname verëffentlecht. An dëser Etüd sinn d‘Recommandatioune vun der ENREG, esou wéi och de géigewäertegen Zoustand vun eelef europäeschen Atomkraaftwierker (¹) ëmfänglech analyséiert ginn. De Bilan ass erschreckend, d‘Erklärungen dozou leider nach méi.

Esou heescht et, datt d‘Bedreiwer vun Atomkraaftwierker dee Gros vun hirer „Energie“ doranner investéiert hunn, d‘Ëmsetzung vun de Moossnamen, déi sech no der Katastroph vu Fukushima als noutwenneg erwisen hunn, ze behënneren. Et hunn sech esouguer Regierungen derzou entscheet, net emol d‘Mesure selwer ëmzesetzen, well d‘Bedreiwer d‘Onkäschten als ze héich bewäert hunn.

Fir déi wou et dann awer gemaach hunn, an dären hir Stresstester der Kommissioun kloer a wuel och verständlech Recommandatiounen a Richtlinne geliwwert hunn, gouf et kee „Merci“. Wéi et ganz oft de Fall ass, konnt sech Atomlobby nees duerchsetzen, firwat déi zoustänneg Autoritéiten d‘Lafzäitverlängerung vun den Atomkraaftwierker ouni gréisser Konditiounen autoriséiert hunn.

Schonn eppes bedenklech

Norëschten oder verbesseren, wierkt sech op de Profit vun den Aktionären aus, a sollt eppes schif goen, gräift déi gesellschaftlech etabléiert Solidaritéit. Récklage fir eventuell Entschiedegungen oder esou eppes wéi eng Versécherung, dat wier eppes wourëms sech Regierunge këmmere mussen. Dorunner ännert och d‘Atomhaftungsgesetz vum leschte Joer näischt. Huet awer vill Symbolkraaft.

Fir de Greenpeace-Atom-Campaigner Roger Spautz léist dat nëmmen eng Schlussfolgerung zou: „Zéng Joer no der Katastroph vu Fukushima, erfëllen déi europäesch Reaktere keng ausräichend Sécherheetsstandarden, fir méi wéi 40 Joer a Betrib ze bleiwen. D‘Bedreiwer hunn net usazweis genuch ënnerholl fir eng däraarteg Katastroph an Europa ze verhënneren“. An dat ass erschreckend.

(¹) Almaraz (Spuenien), Mochovce (Slowakei), Ringhals (Schweden), Doel an Tihange (Belsch), Beznau (Schwäiz), Gravelines a Cattenom (Frankräich), Grundremmigen (Däitschland).

Illustratioun: pixabay

Related topics Atomkraaft, Frankräich, Fukushima, Greenpeace, Japan, Lafzäitverlängerung
Next post Previous post