USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes
Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt
Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt
D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018
Leschte Freideg huet den OGBL als eenzeg representéiert Gewerkschaft an
Betriber déi jonke Leit eng Léierplaz ubidde wëllen, esou eng Decisioun déi vum Educatiouns-, dem Aarbechtsministère an de Sozialpartner vum Koordinatiounscomité vun der Tripartite, sollen eng finanziell Direkthëllef erhalen, mussen awer eng Rei Krittäre berécksiichtegen.
Et wieren onsécher Zäiten, esou den Educatiounsminister Claude Meisch an sengem Communiqué vun haut de Moien. De Risk wier grouss, datt vill Betriber drop géife verzichten zur Rentrée déi noutwenneg Léierplazen ze schafen, woubäi d‘Entreprisen déi aktuell Konjunkturlag dofir verantwortlech maachen. Si wieren eigentlech bereet, Léierbouwen a -meedercher opzehuelen, missten hei awer och déi eege Finanzsituatioun berécksiichtegen.
Den Educatiounsministère ënnerstëtzt déi ausbildend Betriber an Entreprisen, fir esou d‘Formatioun vun de jonke Leit ze fërderen an de spéidere Besoine vun enger qualifizéierter Aarbechtskraaft Rechnung ze droen. An esou soll all deene „Wëllegen“ ënnert d‘Äerm gegraff ginn, dat mat der Aféierung vun enger neier „Primm Unique“. Eng Mesure déi sécherlech Sënnvoll ass, firwat dann och sollt begréisst ginn, datt déi genannte Partner eng Rei Krittäre festgeluecht hunn.
Bei dëser Mesure geet et prinzipiell drëms:
Ganz wichteg an dësem Kontext: de sougenannten „Apprentissage Adulte“ gëtt am selwechte Mooss an zu de selwechte Konditioune wéi déi initial Ausbildung behandelt.
Déi vum Educatiounsminister a senge Partner geduechten eemoleg Primm gëtt op der Grondlag vun de folgende Kritäre festgeluecht:
Déi eemoleg Prime kann allen ausbildenden Organismen zougesprach ginn, déi folgend Kritäre fir d‘Eligibilitéit erfëllen:
Fir esou eng Prime ze kréien, muss den ausbildende Betrib / Entreprise eng schrëftlech Demande un de Minister riichten, an dat bis spéitstens de 15. Juli 2021. Dës Demande muss vun enger Rei Ënnerlage begleet ginn
D‘Demande fir déi eemoleg Prime kann all aner Pièce enthalen, déi den Demandeur fir nëtzlech hält, fir et dem Minister ze erméiglechen, d‘Trëftegkeet vun der Demande ze appreciéieren.
Illustratioun: © ThisIsEngineering RAEng / unsplash