Search

You may also like

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA
Kultur Neiegkeeten

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA

Den Direkter vun ARVAL Lëtzebuerg a Member vum Haus vum

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten
Kultur Neiegkeeten

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten

Iwwer 100 Prostituéiert hunn um 2. Juni 1975 d’Kierch Saint-Nizier

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
Kultur Neiegkeeten

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“

Houfreg presentéiert SO Graphiste säin neist Wierk „Leo, de klenge Chameleon“ – eng Geschicht, déi net duerch d’Fieder vun engem Auteur, mee duerch d’Fantasie vu ville kreative Lieser entstanen ass. Wat erlieft dat klengt Déierchen wuel?

Wärend dem Confinement am Mäerz hunn d’Sophie Ensel an d’Audrey Weiss, alle béid Grafikdesigner bei SO Graphiste, de participative Projet „D’Geschicht geet weider“ lancéiert. Fir de Lockdown kreativ an ënnerhalsam auszeliewen, ass esou e Schreifspill entstanen, bei deem jiddwereen senger Fantasie fräie Laf konnt loossen an esou eng eenzegaarteg Geschicht op d’Been stellen.

D’Damme vun SO Graphiste hunn déi éischt Zeen geschriwwen an illustréiert. Duerno huet eng Persoun sech den nächsten Deel ausgeduecht, deen nees illustréiert ginn ass, bis datt schliisslech d’Aventure vun engem verfroossene Chameleon erauskomm ass.

Leo

D’Sophie Ensel vun SO Graphiste stellt houfreg dat neit Kannerbuch „Leo, de klenge Chameleon“ vir

Klengt Déierchen, grouss Geschicht

„De Leo, e klenge Chameleon, dee wäit fort an engem tropesche Bësch wunnt, ass virun allem domadder beschäftegt säi Bauch ze fidderen. Enges Dages léiert de Leo en aussergewéinlecht Déier kennen, duerch dat hien eng spannend Aventure erlieft. Gidd mat op d’Aventure vum Leo, dem klenge Chameleon!“

Leo

Den Nicolas Hormain vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur an d’Sophie Ensel vun SO Graphiste presentéieren d’Buch „Leo, de klenge Chameleon“

Duerch d’Verbonnenheet mat der Natur an d’Solidaritéit vun all Participant geet de komplette Gewënn vun de verkaafte Bicher un d’Associatioun natur&ëmwelt Fondatioun Hëllef fir d’Natur an domat un de Schutz vun eiser Biodiversitéit.

D’Kannerbuch „Leo, de klenge Chameleon“ gëtt et a Lëtzebuerger, wéi och a franséischer Versioun ze kafen. Bestelle kann een et op der Säit www.so-graphiste.lu, respektiv steet et och zum direkte Kaf am Geschäft vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier an an der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng fir Iech bereet. Wie léiwer déi digital Versioun huet, dee soll emol bei der Applikatioun MyLORD laanscht kucken.

Related topics Audrey Weiss, Fleegestatioun fir wëll Déieren, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Geschicht, Kannerbuch, Leo de klenge Chameleon, Lockdown, natur&ëmwelt, Participative Projet, SO Graphiste, Sophie Ensel
Next post Previous post