Search

You may also like

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing
Fail International Neiegkeeten

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“
Fail International Neiegkeeten

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“

Am Kader vun der sougenannter Orange Week an dem haitegen

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!
Fail International Neiegkeeten

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!

Zanter e puer Joer organiséiert ProVelo (fréier Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ) mat

dislike

Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär

Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär

An der lettescher Korruptiounsaffär ëm den Zentralbankchef Ilmars Rimsevics, hunn d‘Autoritéiten elo duerchgegraff an de betraffenen aus dem Verkéier gezunn. Vu senge Funktioune suspendéiert, ass et him elo och verbueden d‘Land ze verloossen.

Dat ganzt elo emol virleefeg fir den Zäitraum vun der Enquête, heescht et aus dem Büro vum  Maris Kucinskis. De Ministerpresident steet nach hannert sengem Zentralbankchef. Den Ilmars Rimsevics wiert sech géint d‘Beschëllegungen: „Ech hu kee Bestiechungsgeld gefuerdert oder ugeholl!“

Esou eng éischt Ausso géintiwwer der Press, nodeems hien de Weekend awer huet missen hanner Gitter verbréngen. Den Ilmars Rimsevics gesäit sech dann och als Affer vun enger Campagne, déi lettesch Geschäftsbanke géint seng Persoun un d‘Rulle bruecht hätten.

Vum Antikorruptiounsdéngscht KNAB, gëtt den 52-järegen Zentralbankchef beschëllegt, wéinstens 100.000 Euro verlaangt an ugeholl ze hunn. Dat ass och d‘Versioun vum lettesche Finanzinstitut Norvik Banka. Déi behaapt, datt de Beschëllegten zanter 2015 reegelméisseg iwwert e Mëttelsmann Bestiechungsgeld verlaangt hätt.

Esou kloer wéi eng Héngerbritt…

Den Zentralbankchef sengersäits, werft der Norvik Banka vir, mat den Uschëllegunge géint seng Persoun, eenzeg an eleng de Versuch ze ënnerhuelen, eng 200 Millioune Klo ofzewennen. E Punkt, deen esou och vun der Regierung schéngt gedeelt ze ginn.

Tatsächlech verhält et sech esou, datt de Ministerpresident Maris Kucinskis an d‘Finanzministesch Dana Reizniece-Ozola, der Norvik Banka virwerfen, d‘Integritéit vum lettesche Finanzsystem ze ënnergruewen. Si verlaange vum Finanzinstitut Beweiser fir déi virbruechte Beschëllegungen.

Hei muss dann drun erënnert ginn, datt den Ilmars Rimsevics zanter 2011 Chef vun der lettescher Zentralbank ass. Nom Bäitrëtt an d‘EURO-Zon huet de letteschen Zentralbankchef och e Sëtz am Rot vun der europäescher Zentralbank (EZB).

Während héich gestallte Politiker aus Lettland verlaangen, datt den Ilmars Rimsevics vun dësem Poste muss enthuewen oder entlooss ginn, hält sech d‘Direktioun vun der EZB mat Äusserungen zeréck, a wëll sech während d‘Enquête leeft, net zum Fall äusseren. E Récktrëtt steet also net op der Dagesuerdnung.

mat AFP

Foto: (Archivbild) De Gouverneur vun der lettescher Zentralbank, Ilmars Rimsevics, ass fir d‘Dauer vun der Enquête an enger Korruptiounsaffär vum Déngscht suspendéiert an dierf d‘Land net verloossen. © Markku Ulander/Lehtikuva/AFP

Related topics Ilmars Rimsevics, Korruptiounsaffär, Lettland, Zentralbankchef
Next post Previous post