Lettland: Lëtzebuerg ënnerstëtzt de Militär mat 6,9 Milliounen Euro

Beim Treffe vun der NATO huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch zesumme mat sengem letteschen Homolog Artis Pabriks eng Deklaratioun ënnerschriwwen, fir d‘Entwässerung vu fréiere militäresche Sitten a Lettland matzefinanzéieren.

Bis 2024 solle 6,9 Milliounen Euro vun eiser Säit agesat ginn, fir dobäi ze hëllefen déi duerch verschiddenst Substanzen a Stoffer kontaminéiert Terrainen nees propper ze maachen an domat en Deel zum Ëmweltschutz bäizedroen. Esou soll d‘Natur säi Wee zeréck op e gesonden Ënnergrond fannen.

Schonn 2017 hu Lëtzebuerg a Lettland eng gutt Zesummenaarbecht bewisen. Deemools gouf eng Kasär opgebaut, déi d‘Truppe mat verstäerkter Presenz sollt empfänken. Dräi Joer méi spéit gouf decidéiert d‘Land weider finanziell ze ënnerstëtzen an den Ofdrock vun den Truppen ze reduzéieren.

Dernières nouvelles