Search

You may also like

Plattform JIF: Nach eng Woch bis zum Fraestreik
Kultur Neiegkeeten Sport

Plattform JIF: Nach eng Woch bis zum Fraestreik

An enger Woch – den 8. Mäerz 2021 – fënnt

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz
Kultur Neiegkeeten Sport

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Am persesche Golf huet et bestänneg Schëffer déi illegal Ueleg

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!
Kultur Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!

Als ee vun de bekanntesten däitsche Kënschtler huet hien d’Aktiounskonscht

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg

Um 25. Mee 2020 wäert de Lëtzebuerger Fotograf Rom Helbach säi Buch „LETZ BIKE – Luxembourg. Die 30 schönsten Fahrradtouren“ verëffentlechen. Hei kann de begeeschterte Cyclist emol duerch dat ganzt Land jauwen. Vu molereschen Landschaften am Éislek, iwwert dreemeresch Fielsformatiounen am Mëllerdall, vun herrleche Wäibierger un der Musel, iwwert déi roud Äerd vum Minett, mat dëse Propositiounen léiert een d’Heemescht kennen.

Op 240 Säite gëtt souwuel fir Tier mat der ganzer Famill, bis hin zu usprochsvolle Weeër eng räichhalteg Offer presentéiert. Zil ass et awer Spaass ze hunn an déi schéinst Ecker vum Groussherzogtum (nei) ze erliewen.

Beschriwwe ginn d’Weeër op Däitsch a Franséisch. Dobäi ginn et Informatioune wéi Distanz an Héichtemeter, an d’Streck kann een als GPX-Datei op den Handy lueden. Fotoe vum Rom Helbach rënnen d’Buch mat de Vëlostouren perfekt of.

D’Buch „LETZ BIKE – Luxembourg. Die 30 schönsten Fahrradtouren“ (ROMDELUXE Productions) kann ab dem 25. Mee fir 39,00 € op letzshop.lu bestallt ginn.

ISBN 978-2-9199628-0-8

LETZ BIKE

De Rom Helbach verbënnt a sengem Wierk zwou Leidenschaften: Vëlo fueren an Fotografie

Zum Auteur

Als Kand a Jugendlechen huet de Rom Helbach sech fir de Vëlossport begeeschtert. Dunn koum awer d’Leidenschaft fir d’Fotografie dobäi. Wisou also net béides emol verbannen?

Schonn a méi Wierker duerft hie seng Handschrëft iwwerdroen. Dozou gehéieren „Eddy“ (Rossolis, 2016) oder och „Miroir du Tour“ (Dana, 2018). Zanterdeem de Rom Helbach de Publikumspräis op de Walfer Bicherdeeg 2019 fir „Dizzy on the road“ (Editions Revue) entgéint huelen duerft, ass hien hei am Land keen onbeschriwwent Blat méi.

Related topics Beweegung, Cyclist, LETZ BIKE – Luxembourg. Die 30 schönsten Fahrradtouren, Rom Helbach, Sport, Vëlosweeër
Next post Previous post