Search

You may also like

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
Neiegkeeten

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem
Neiegkeeten

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem

E leschte Méindeg hat d‘CGFP zesumme mat der SPFP op

De SYVICOL huet Fuerderungen
Neiegkeeten

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché

Den Aarbechtslosentaux fält am Januar op  5,6%. Am Verglach zum Mount virdrun sinn dat 0,2%-Punkte manner. Op d’Joer gekuckt ass d’Differenz nach mi grouss: do war et nach en Aarbechtslosentaux vun 6,1%. Dëst huet elo de Statec an enger Pressematdeelung bekannt ginn.

Déi positiv Entwécklung, déi ee schonn am Dezember festgestallt huet, setzt sech also fort. Virun allem déi Aarbechtslos ënnert 30 gewannen hei: d’Zuele ginn op d’Joer gekuckt ëm 8,1% zeréck. Och déi net qualifizéiert dierfen sech iwwert e Réckgang vun 11,1% freeën. Bei de Laangzäitaarbechtslose sinn et 9,2% manner.

An engem Beräich wëllen déi gro Wolleken awer net verschwannen. 197 Persounen mat engem Ofschloss am Enseignement supérier sinn elo zousätzlech ouni Aarbecht. Dat ass eng Steigerung vu 6,8%.

Och d’Zuel vun de Leit, déi an Aarbechtsmesure sinn, geet op d’Joer gekuckt zeréck

Hei si gläich 125 Persoune (oder 2,4%) manner dran engagéiert, wéi d’Joer virdrun. De Statec begrënnt des Variatioun och duerch d’Reformen am Stage. Do hunn sech d’Zuele gläich vervéierfacht, a bezuelten Iwwergangsbeschäftegunge sinn ëm 29,3% zeréck gaangen.

Am Januar vun dësem Joer sinn 3.988 oppe Plazen deklaréiert ginn. Dat sinn der 20,3% méi, wéi am Januar 2017.

 

 

Next post Previous post