Search

You may also like

Senger Altesse Guillaume alles Gutts zum Gebuertsdag
Neiegkeeten

Senger Altesse Guillaume alles Gutts zum Gebuertsdag

Haut feiert den Ierfgroussherzog Guillaume säi 37. Gebuertsdag. Hien ass

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?
Neiegkeeten

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?

E Samschdeg war e Schëff vun der däitscher ONG „Sea-Eye“

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland

Nach bis den Owend op der Plëss d‘Tourismus-Saison 2019 entdecken

E Freidegmoien ass op der Plëss d‘Ouverture vun der Lëtzebuerger Tourismus-Saison agelaut ginn, an déi verschidde Regiounen an Operateure sinn nach bis den Owend present fir op all är Froen ze beäntwerten. Datt Lëtzebuerg e schéint Land ass, musse mir elo net nach emol betounen, oder?

Den Tourismusminister Lex Delles (DP) huet a senger Usproch kuerz drop higewisen, datt et a Wierklechkeet nëmmen e Sproch ass, wann do behaapt gëtt „d‘Gras beim Noper ass ëmmer méi gréng“. Esou géif och an eisem butzege Ländche villes ze gesinn an ze erliewen. A wou de Mann Recht huet e Recht. Mam sougenannten „aktiven Tourismus“ geet et gutt virun, vill Projeten hu sech „agebiergert“ a fir all Alter, Goût oder Wonsch gëtt et eng Offer. Et muss ee just Loscht hunn.

Dat ënnerschreift déi Stater Buergermeeschtesch mat zwee Hänn, och wa si sech verständlecherweis fir d‘Haaptstad eng Grëtz méi asetzt. D‘Lydie Polfer huet jo och vill gutt Grënn, d‘Stad Lëtzebuerg als touristeschen Hotspot ze luewen. Et gëtt fir bal alles „gefouert Visitten“, jo esouguer fir eis Kierfechter, déi – emol ofgesinn dovunner dat si schéin ugeluecht sinn a beschten ënnerhale ginn – wéi de Niklos-Kierfecht, och ganz vill Geschicht an hire „Reien“ verbiergen.

Deem kann de President vum LCTO, Marc Angel (LSAP), net widderspriechen, an erënnert drun, datt et dem Direkter vum LCTO geschëlt ass, datt viru fënnef Joer déi éischt „Offiziell Erëffnung vun der Tourismus-Saison“ op der Plëss organiséiert gouf. Et war dem Tom Bellion sengerzäit wichteg, déi vill Acteuren, déi jo sech jo alleguerten iergendwéi ergänzen, als „Equipp“ virzestellen. Dat mécht Sënn, virun allem wann engem bewosst ass, datt d‘Weeër heizuland zimlech kuerz sinn.

(De ganze Programm bis den Owend, fannt dir hei)

Titelbild: Hire Chef den Tom Bellion, Direkter vum LCTO, hat viru fënnef Joer eng ganz gutt Iddi. A firwat och net d‘Tourismus-Saison op der Plëss ufänken? Beim „luxembourg city courist office“ jiddefalls ass een ëmmer beschtens informéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Cyclotourismus, LCTO, Lex Delles, Lydie Polfer, Marc Angel, Tourismus, Tourismus-Saison 2019
Next post Previous post