Search

You may also like

Ëmmer ee kille Kapp behalen
International Kultur Neiegkeeten

Ëmmer ee kille Kapp behalen

Bei dësem ganz agreabele Wieder, erënnert den ACL dorunner, datt

Huet de Cowboy Joe den Tiger schonn erluecht?
International Kultur Neiegkeeten

Huet de Cowboy Joe den Tiger schonn erluecht?

Fir déi nei Ekipp vum Wäissen Haus, schéngt de „béise

Bréissel sanktionéiert Wäissrussland
International Kultur Neiegkeeten

Bréissel sanktionéiert Wäissrussland

EU-Ausseminister verurteelen d‘Policegewalt an ënnerstellen de Regierung zu Minsk bei

Lëtzebuerg bei de Filmfestspiller zu Cannes

Lëtzebuerg bei de Filmfestspiller zu Cannes

Am Kader vun der 74. Editioun vun de Filmfestspiller vu Cannes ass och déi lëtzebuergesch Filmindustrie uwiesend. De bekannte Festival huet de 6. Juli ugefaangen, d’Invitéë kënnen sech nach bis de 15. Juli am Pavillon treffen. Dëse gehéiert zum internationalen Duerf vum Filmmarché, ronn 20 Firmen hunn Plaz dra fonnt.

Dobäi gëtt et souguer en traditionell lëtzebuergeschen Dag, hei hunn sech all uwiesend Fachleit fir déi geleeschten Aarbecht an d’Präisser sou wéi de Gëllene Bier vun der Berlinale 2021 bedankt. Et war e schéint Zesummekommen. Déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger Cineasten, Produzenten a Journalisten hunn d’Rees an dat renomméiert Filmland gewot. E grousse Bléck gouf op déi lëtzebuergesch Schauspillerin Vicky Krieps geheit, déi an dräi ausgewielte Filmer eng Roll spillt.

Ma Lëtzebuerg kënnt grouss eraus

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden a seng portugisesch Kolleegen hunn d’Geleeënheet genotzt an en Accord ënnerschriwwen. Et geet ëm déi gemeinsam Entwécklung vu bilateralen an audiovisuelle Projeten, déi den Austausch tëscht den zwee Länner sou wéi de portugisesche Fachleit stäerke sollen.

Déi offiziell Auswal sinn zwee Filmer vu Samsa Film (Jani Thiltges) mat Les Intranquilles vum Joachim Lafosse a Where is Frank vum Ari Folman. Mat den ënnerschiddleche Filmer bei der Weltpremière gëtt d’Wëssen, d’Kreativitéit an d’Professionalitéit vun eisem klenge Land ervirgehuewen.

Illustratioun: © Denise Jans / unsplash

Related topics Cannes Film Festival, Film, Kino, Kooperatiounen, Lëtzebuerger Filmfong
Next post Previous post